Et war eng Première fir de Festival, deen a senger neier hybrider Form souwuel an de Stater Kinoen, wéi och um Internet Filmer aus der ganzer Welt gewisen huet an dee schlussendlech iwwer 4.000 Leit an d’Kinossäll gelackelt huet, a méi wéi 20.000 Visiteuren op senger Streaming-Plattform konnt empfänken. Deemno hätt déi 11. Editioun, trotz dem sanitäre Kontext, d’Erwaardunge vun den Organisateuren iwwertraff.
E Samschdeg den Owend goufen dann och d’Gewënner bekannt gemaach. De bosnesche Film „Quo Vadis, Aida?” krut de Grand-Prix vum LuxFilmFest an erzielt d’Geschicht vum Aida, enger fréierer Engleschprofessesch, déi an der Schutzzon ëm Srebrenica an engem Uno-Lager als Iwwersetzerin fungéiert. Hei versichen dausende Léit ënner Daach ze kommen, fir sech virun der serbescher Arméi a Sécherheet ze bréngen, ënnert hinnen och dem Aida hir Bouwen an hire Mann.
De Jury ëm d’Presidentin Sandrine Bonnaire huet mat “Quo Vadis, Aida?” en extrem klasseschen, ma dofir awer ëmsou méi maitriséierte Film priméiert. Dësen internationalen Drama, deen och de Präis vun der Kritik gewonnen huet, erënnert un de Massaker vun 8.000 Männer zu Srebrenica op erdréckend Manéier an ass e wichtegen Zeie vun enger donkeler Zäit an der europäescher Geschicht.
De beschten Dokumentarfilm-Präis gouf vun de Membere vun der internationaler Federatioun “Europa Film Festivals” erausgesicht, an déi hu sech fir e fundamentaalt originaalt Wierk entscheet. Am “Nemesis” kuckt de Realisateur Thomas Imbach mat senger Kamera 7 Joer laang duerch déi nämmlecht Fënster op eng Zürecher Gare eraus. Eng Gare, déi zerstéiert gouf an duerch de Chantier vun engem neie Prisong ersat gëtt. Den Imbach spillt an dësem experimentellen Dokumentarfilm mat der Form a mat der Notioun vun der Zäit, léist Biller hannerzeg, méi séier oder méi lues lafen, a gëtt de Maschinne vun der Baustell eng animalesch Dimensioun. Dobäi kënnt eng poséiert Erzielerstëmm vum Schauspiller Milan Peschel, dee mat senge Chroniken iwwert Auslännerfeindlechkeet de gewisene Biller dacks eng ganz aner, deels zynesch a sozialkritesch Dimensioun gëtt.
De Publikumspräis geet un den ergräifende mexikanesche Film “Los Lobos”, eng Familljechronik iwwert d’Immigratioun an Amerika, déi aus dem Bléckwénkel vu Kanner erzielt gëtt an déi och dokumentaresch an observatoresch stilistesch Elementer mat puerer Fiktioun vermëscht.