Genee an engem Joer ass de Startschoss vun Esch2022. Da wäert Esch, zesumme mat den 10 Südgemengen, mee och mat 8 Gemengen aus Frankräich europäesch Kulturhaaptstad sinn. E Freideg gouf an deem Kontext de ganze Moien a Mëtteg iwwer en Deel vum Programm presentéiert. Et gouf en Abléck a ronn 30 Projeten. D’Claudia Kollwelter huet der puer eraus gepickt.
Ugefaange mam sougenannten “Tour du Cool”, e Museksfestival, dee vun der Kulturfabrik, de Rotonden, dem Atelier an dem Gudde Wëllen zesummen organiséiert gëtt. Et wäert den éischten Indoor-Museksfestival zu Lëtzebuerg sinn, dee +/- 10 Deeg dauere soll a wou een iwwert d’Musek, d’Stad Esch an déi ganz Regioun entdecke soll. D’Concerte sollen op éischter ongewinnte Plaze gespillt ginn.
De Museksprogrammateur vun der Kufa, Marc Scheer:
“Terre ferme” esou heescht e Projet dee vun der Gemeng Déifferdeng um sougenannten “Lommelshaff” organiséiert gëtt. De fréiere Bauerenhaff steet matzen an Déifferdeng. D’Iddi hannert dem Projet ass et, d’Erënnerungen un deen Haff erëm opliewen ze loossen.
D’Lynn Bitnener vum Service culturel vun Déifferdeng:
“Aus deenen Erënnerunge wäerten mer en Theaterstéck maachen. An d’Iddi ass, datt d’Leit mat agebonne ginn an d’Geschicht vum Lommelshaff. Dat heescht se sëtze mat ronderëm en Dësch, et gëtt zesumme gekacht an dann wäerte se och op verschidde Plazen um Haff wanderen an da wäerten verschidde Personnagen optauchen, déi hir Erënnerungen oder Geschicht zum Haff zielen.”
De Lommelshaff soll wärend dem Kulturjoer, mee och doriwwer eraus e Lieu de rencontre am Quartier zu Déifferdeng ginn. Nieft der Kultur sinn awer och zum Beispill d’Nohaltegkeet an d’Mobilitéit wichteg Aspekt vun Esch2022. E konkrete Projet do ass den “Minett Cycle Tour”, en touristesche Vëloswee vun 150 Kilometer.
D’Saskia Schmitt vum ORT Süden:
“Dee geet duerch 15 Gemengen hei am Süden, an e verbënnt flott touristesch Plazen, fir datt Leit mat Familljen an och Touriste sech dat kënnen ukucken, andeems se sportlech aktiv sinn. Mir hunn och de Minett Trail, dat si ronn 90 Kilometer, deen änlech Sitte verbënnt, a wou et d’Méiglechkeet gëtt, an enge vun den 11 Gitten ze iwwernuechten.”
Wat d’Gitten betrëfft, hat den OAI, den Ordre des Architectes, e Concours lancéiert. D’Iddi war, datt een tëscht de 11 Südgemengen eng Kohesioun hätt, betount den Direkter vum OAI. De Pierre Hurt erkläert, wéi déi wäerten ausgesinn:
“A verschiddene Gitten kann ee natierlech schlofen, a klengen oder grousse Gruppen. Heiansdo kann een op Plaze ronderëm eppes organiséieren, lokal Veräiner kënnen Aktivitéite ronderëm organiséieren. Et gëtt zesumme mat Kënschtler geschafft an et ass e “Multi-Use"-Projet.”Nieft Esch ass awer och Kanuas a Litauen an Novi Sad a Serbien nächst Joer europäesch Kulturhaaptstad. Mat béide Stied sinn och eng Partie Projete geplangt.
D’Generaldirektesch Nancy Braun huet e Freideg de Moie betount, datt et bei dësem Projet engersäits drëms geet, d’Villfalt vun de verschiddene Kulturen an Europa an de Fokus ze stellen, mee net nëmmen:
“D’Bild vun enger Stad ze veränneren, eng ganz Regioun ze positionéieren an deemno en Impakt fir d’Zukunft ze schafen. Europäesch Kulturhaaptstad heescht deemno och, nieft engem kulturelle Programm fir jiddereen, mat jidderengem, och un Aspekter wéi den touristeschen Developpement vun enger Regioun ze denken, d’Mobilitéit an de Fokus ze stellen a sech ëm d’nohalteg Entwécklung ze këmmeren.”
Wat Esch2022 ugeet, steet d’Kulturjoer ënnert dem Thema “Remix Future”, mat enger Partie Ënnerkategorie wéi Europa oder der Natur, awer och der Konscht. D’Directrice vum Kulturprogramm Françoise Poos nennt eng Partie Projete vun Artisten:
“Mam Trixie Weis fir e Projet, bei deem grouss a kleng sécher eng Freed hunn, nämlech eng Kamelleschmelz. Mam Larissa Faber, fir iwwert den Theater iwwert e wichtege gesellschaftleche Sujet ze schwätzen, nämlech dem Avortement. Oder och nach mam Claude Weber, deen der Escher Compositrice Helen Buchholtz eng Plattform a sou och eng Stëmm gëtt.”
Den Detail vun de verschiddene Projeten a weider Informatioune fënnt een um Internet Site vun Esch2022.
D’Generaldirektesch vun Esch2022 Nancy Braun ass e Freideg den Owend Invité am Journal bei de Kolleege vun der Télé.
| |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||