BasketballfederatiounNei Reegelung fir "Non-JICL-Spiller", Samy Picard hält nom Summer als President op

Christophe Hochard
Op der AG vun der Basketfederatioun hunn d'Veräiner decidéiert, de Statut vum Profi ofzeschafen. Dat gëllt fir d'Damme wéi fir d'Hären.
© Christophe Hochard

Vun der nächster Saison un däerfen nach just zwee Non-JICL-Spiller* um Basketsterrain stoen, souwuel bei den Damme wéi bei den Hären.

D'Veräiner hunn dëse Modus en Donneschdeg den Owend op der Assemblée generale vun der FLBB mat 51,3 Prozent gestëmmt. All Club däerf um Spillerbou 4 Non-JICL-Spiller stoen hunn. Maximal däerfen der awer nëmme méi zwee am Championnat/Coupe um Terrain spillen.

Dann ass et nach d'Nouvelle, datt de Samy Picard nom Summer als President vun der Basketfederatioun ophält. Eng nei Kandidatur gëtt et aktuell nach net.

*Als JICL (Joueur inscrit dans un club luxembourgeois) zielen all d'Spiller, déi virun hirem 16. Liewensjoer eng Lizenz bei engem Veräin vun der FLBB oderv vum COSL krut hunn. Dëst zielt och fir Basketspiller, déi tëscht dem 16. an dem 21. Gebuertsdag op d'mannst dräi Saisone bei engem FLBB-Veräin eng Lizenz haten. All aner Spiller gëlle grondsätzlech als Non-JICL.

Back to Top
CIM LOGO