De Leader Stroossen konnt sech zu Esch kloer mat 3:0 behaapten. Am éischten am am 3. Saz hunn déi Escher just 13 Punkte gemaach. Am 2. Saz war et nach méi däitlech. Dee goung mat 25:11 u Stroossen.
Den Tabellenzweete Bartreng konnt sech och mat 3:0 géint Fenteng duerchsetzen. Nodeems déi zwee éischt Sätz kloer un d’Heemekipp goung war déi lescht Manche spannend. Bartreng konnt déi um Enn mat 28:26 fir sech entscheeden.
Eng kleng Iwwerraschung gouf et zu Dikrech. De CHEV verléiert mat 1:3 géint Luerenzweiler.
Um Sonndeg huet Iechternach kloer 3:0 géint Amber-Lënster gewonnen. Bis op den éischte Saz (26:24) war et eng eesäiteg Partie.
Nodeems d’Damme vu Mamer an der Woch beim Nodrosmatch zu Stengefort hir éischt Néierlag hate mussen astiechen, hu si zu Esch erëm zréck an d’Erfollegsspur fonnt. Déi Escher Damme ware Mamer mat 0:3 ënnerleeën. D’Heemekipp huet sech am éischten an am 3. Saz deier verkaf. Déi zwee Sätz gounge mat 25:23 awer trotzdeem u Mamer. Den zweete Saz goung kloer u Mamer.
Den Tabellenzweete Walfer huet sech doheem däitlech mat 0:3 géint d’Gym misse geschloe ginn.
Um Sonndeg hat Iechternach keng Chance géint Stengefort. D’Gäscht hunn 3:0 gewonnen an hunn d’Punkte mat heem geholl. De leschte Saz war mat 26:24 immens knapp an et hat no engem véierte Saz ausgesinn.