CEV Volleyball European LeagueOptakt fir d'FLVB-Hären an Nordmazedonien

Marc Burelbach
Dëse Weekend sinn déi éischt Tournoien an der CEV European League 2026.
Déi lëtzebuergesch Volleyball-Härennationalekipp
Déi lëtzebuergesch Volleyball-Härennationalekipp
© Tiago Baptista

Déi 27 ugemellten Ekippe spillen iwwert dräi Wochen all Weekend an engem Tournoi vun dräi, fir um Enn déi bescht véier Länner ze fannen, déi ëm den Titel spillen. Gläichzäiteg qualifizéiere sech déi véier Ekippen direkt fir d'Europameeschterschaft 2028. Als Favoritten op den Titel gëllen Tschechien (Véierten op der Weltmeeschterschaft 2025), Finnland (Titelverdeedeger Golden League) oder och nach Holland.

D' Lëtzebuerger Häre spillen an hirem éischten Tournoi dëse Weekend zu Strumica an Nordmazedonien als éischt géint Holland (Samschdeg 19 Auer) an da géint Nordmazedonien (Sonndeg 19 Auer).

Den nächste Weekend geet et dann an d'Schwäiz, wou si et zu Kriens mat der Schwäiz a mat Ungarn ze di kréien. Géint Ungarn hat d'FLVB Selektioun am MEVZA Tournoi virun zwou Wochen nëmme knapp mat 2-3 de Kierzere gezu.

Um drëtte Weekend spillen d'Lëtzebuerger am Gymnase vun der Coque freides den 19. Juni um 19:30 Auer géint Éisträich a sonndes den 21. Juni um 17:30 Auer géint Griicheland. Éisträich war och um MEVZA Tournoi dobäi a konnt sech nëmmen in Extremis mat 3-2 géint Lëtzebuerg behaapten.

Am Lëtzebuerger Kader feelt, aus private Grënn, weiderhin den MVP vun2025, Mateja Gajin (VC Stroossen). Am Verglach mam Kader beim MEVZA Tournoi goufen den Tim Mangen (CHEV Dikrech) an de Loris Metzger (Volleyball Iechternach) duerch de Jakub Karzel an de Loris Centrone ersat.

De Lëtzebuerger Kader an Nordmazedonien:

Gilles Braas (6), Jakub Karzel (38), Ryan Matilde da Luz (22), Samuel Novais (2) (all VC Stroossen)

Philippe Glesener (16), Chris Zuidberg (14) (VC Lorentzweiler)

Max Funk (24), Akos Bibel (29) (Volley Bartreng)

Filip Bilan (30), Michail Constantinou (12) (VC Fenténg)

Noah Oesch (31) (Volleyball Iechternach)

Jérémie Feit (15) (Nice VB)

Christian Galoppo (19) (Concordia Irvine University)

Loris Centrone (34) (SSC Karlsruhe)

Back to Top
CIM LOGO