
Um Samschdeg stoung déi drëtt an domadder déi decisiv Finall am Damme-Championnat tëscht Mamer an der Gym um Programm, nodeems et no den éischten zwou Finallen 1:1 stoung.
Den éischte Saz war bis zum 20:20 equilibréiert, duerno konnt d'Gym sech beim 23:21 e klenge Virsprong erausspillen. Dat ass duergaangen, fir de Saz mat 25:22 ze gewannen.
An der zweeter Manche ass Mamer déi ganzen Zäit engem klenge Réckstand hannendru gelaf. D'Gym konnt sech um Enn dee Saz mat 25:17 sécheren. Mamer war och am 3. Saz nees séier hannen an d'Gym konnt dee mat 25:20 fir sech entscheeden.
Um Enn konnt sech d'Gym mat 3:0 behaapten an ass fir déi éischte Kéier zanter 2012 nees Champion. No der Victoire an der Coupe konnt d'Gym also den Doublé feieren.