Coupe am VolleyballFinall bei den Hären heescht Luerenzweiler géint Bartreng

Jeff Birsens
Béid Ekippe konnte sech an hiren 1/2-Finalle vum Final Four zu Biissen jeeweils mat 3:0 behaapten. Bei den Dammen spillt an der Finall e Samschdeg Gym Volley géint RSR Walfer.
© AFP (Archiv)

E Freideg den Owend goufe bei den Hären am Final Four zu Biissen béid 1/2-Finalle gespillt. Am éischten Duell vum Owend konnt sech de VC Luerenzweiler mat 3:0 (25:18, 25:18, 25:17) géint den Escher VBC behaapten a méi spéit gouf et eng weider 3:0-Victoire (25:16, 25:15, 29:27) fir de Volley Bartreng géint de VC Fenteng. D’Finall, déi schonn e Samschdeg um 20.00 Auer gespillt gëtt, heescht also Luerenzweiler géint Bartreng.

Bei den Damme stoungen d'1/2-Finalle schonn en Donneschdeg um Programm. Hei huet den Gym Volley mat 3:1 (25:20, 25:22, 16:25, 25:12) géint de VC Stengefort gewonnen an den RSR Walfer mat 3:0 (25:15, 25:18, 25:14) géint de VC Belair. An der Finall e Samschdeg um 17.30 Auer kënnt et also zum Duell tëscht dem Gym Volley an dem RSR Walfer.


D’Resultater vun der Coupe am Volleyball

Hären

Dammen

Back to Top
CIM LOGO