
Am éischte Match vun der Finall konnt Stroossen sech an der eegener Hal mat 3:1 (29:27, 21:25, 25:21, 25:23) géint Luerenzweiler duerchsetzen.
Schonn am éischte Saz kruten d’Supporter vu béiden Ekippen héichklassege Volleyball gewisen. Beim Spillstand vu 24:21 haten d’Gäscht vum VC Luerenzweiler 3 Sazbäll. Stroossen konnt déi 3 ofwieren a sech duerno mat hirem éischte Sazball de Saz mat 29:27 sécheren.
Domat war de Match richteg lancéiert. Am zweete Saz hat den Titelverdeedeger de besseren Depart a loung bei 10:4 scho mat 6 Punkten am Avantage, wou eppes éischter Bosseges geschitt ass. Stroossen krut e Rotatiounsfeeler gepaff a nees Punkten ofgeholl. Domat war Luerenzweiler bei 12:12 nees relancéiert. E puer enk, awer korrekt, Decisioune vun den Arbitter hu bei de Gäscht den Adrenalin pompele gelooss, a mam Wiessel vum Adri Arapi fir den Adonis Alagic bei 14:19 huet Luerenzweiler nees nei Motivatioun fonnt. Bei 20:20 hate si fir zweete Kéier an dësem Saz de Réckstand gutt gemaach. De François Sonnet war et, dee mat enger Serie vun 8 Servicer de Grondstee geluecht huet, fir datt de Coupegewënner de Match duerch e 25:21 nees ausgläiche konnt.
Am drëtte Saz war den Ufank ganz equilibréiert. Beim Score vun 12:12 krut den MVP vun 2025, de Mateja Gajin vum VC Stroossen, eng Paus a gouf duerch de Cameron Calhoun ersat. Doropshin konnt sech d’Heemekipp en Avantage vu 5 Punkten (19:14) erspillen. Och Luerenzweiler huet nees gewiesselt (Arapi fir Alagic a Pavelka fir Zuidberg), mee dës 2 Wiessel hate keng gréisser Konsequenze méi.
Stroossen huet de véierte Saz mat där Opstellung ugefaangen, mat där si den drëtte Saz opgehalen hunn (Calhoun fir Gajin um Terrain), a konnt direkt emol e 6:0 op den Terrain bréngen. D’Gäscht hunn awer net direkt opginn an hu sech bis zum 13:13 nees eropgeschafft. Dat huet natierlech Kraaft kascht. Stroossen huet kille Kapp behalen an hat beim Score vu 24:20 4 Matchbäll. Nees hunn déi Luerenzweiler gekämpft a konnten, bei Service Chris Zuidberg, der 3 verdeedegen. Et war en ongléckleche Feeler um Netz vum François Sonnet, deen awer dunn de 25. Punkt fir de VC Stroossen markéiert huet.
Den Titelverdeedeger läit deemno an der Best-of-Three-Serie mat 1-0 a Féierung a kann de nächste Samschdeg um 17.30 Auer zu Luerenzweiler schonn d’Championnat decidéieren.
Am Playdown hat Fenteng wéi erwaart keng Problemer an huet sech däitlech 3:0 (25:12, 25:23, 25:14) beim Tabelleleschten Amber-Lënster duerchgesat. Am zweete Match gouf et eng souverän Victoire fir Iechternach, déi sech 3:0 (25:20, 25:20, 25:21) zu Esch behaapt hunn.
An engem immens spannenden éischte Match an der Finall vun der Mixvoip League bei den Dammen huet de VC Mamer e beandrockenden 3:2-Succès géint CS GYM Volley verbucht.
De Match, dee sech iwwer 136 Minutte voller Intensitéit erstreckt huet, huet Volleyball op héchstem kompetitive Niveau gewisen, well keng vun deene béiden Equipe bereet war, opzeginn. De VC Mamer huet de bessere Start erwëscht an den éischte Saz mam klengstméiglechen Ecart mat 27:25 fir sech entscheet – e Virgeschmaach op de Recht vum Match.
Gym Volley huet am zweete Saz staark reagéiert an sech bei Service Kylie Schubert direkt en 10-0 Avantage erspillt. Dëst sollt duergoen, fir mat engem 25:14 de Match nees auszegläichen.
Den drëtte Saz war nees méi enk. Änlech dem éischte Saz huet keng Ekipp noginn. En éischten Ecart konnt Gym Volley bei Service Lara Picht realiséieren. Mamer huet awer reagéiert a bei 7:12 ass d’Julie Teso nees fir d’Lindsay Dowd agewiesselt ginn. Bei 12:16 huet de Mamer Coach Ivo Iliev e clevere Wiessel gemaach. Dat 16 Joer jonkt Ina Sitar Hafner ass fir d’Verardo Mendez op de Service komm. Wéi d’Gym nees de Service kritt huet, stoung et 16:16. Dëst huet Mamer nees Vertraue ginn, a si konnten nees 27:25 gewannen. De Coupegewënner CS GYM Volley huet awer seng Ambitioune gewisen an de véierte Saz dominéiert: e kloert 25:15 géint Mamer huet fir en decisive fënnefte Saz gesuergt. Déi routinéiert Leeschtung vun de Gäscht huet drop higedeit, datt si de Moment op hir Säit gezunn haten.
De leschte Saz war e richtegen Héichpunkt vun engem aussergewéinleche Match. Bei 0:3 war de Mamer Trainer schonn zu engem éischten Timeout gezwongen. Dësen hat Wierkung, a beim Säitewiessel war d’Heemekipp nees 2 Punkte vir (8-6). En duebele Wiessel bei der Gym huet d’Spillerinne liicht duerchernee gemaach an de Fabio Aïuto (Coach Gym-Volley) huet bei 6:11 de Wiessel nees réckgängeg gemaach. Bei 14:9 hat Mamer 5 Matchbäll, wouvun d’Gym der awer nach 4 ofwiere konnt, éier d’Jasmin Verardo Mendez mat enger Attack duerch d’Mëtt den decisive Punkt gemaach huet.
Domat läit de VC Mamer elo an der Best-of-Three-Serie mat 1:0 am Avantage. Déi zweet Finall ass e Samschdeg den 18. Abrëll um 20h um Cents.
Am Playdown war ee Match um Samschdeg an hei konnte sech d’Damme vum VC Iechternach iwwerraschend mat 3:1 (25:13, 25:18, 22:25, 25:18) zu Esch duerchsetzen.