Ouni den Tadej Pogacar an de Remco EvenepoelWie gewënnt 18 Joer nom Kim Kirchen d'Flèche Wallonne?

Sam Rickal
E Mëttwoch steet am Cyclissem déi 90. Editioun vu der Flèche Wallonne um Programm. Mam Tadej Pogacar an dem Remco Evenepoel sinn zwee grouss Favoritten net mat dobäi.
2008 konnt sech de Kim Kirchen op der Flèche Wallonne duerchsetzen.
Domadder ass hie bis haut deen éischten an eenzege Lëtzebuerger, deen dës Course gewonnen huet.

De sloweenesche fënneffachen Tour-de-France-Vainqueur an de belsche Gewënner vun der Amstel Gold Race vu virun e puer Deeg gi réischt e Sonndeg bei Léck-Bastnech-Léck nees un den Depart. Wie ka sech also um Enn d’Victoire sécheren? Hoffnunge mécht sech sécherlech de Benoit Cosnefroy, dee bei UAE Team Emirates-XRG d’Kapitänsroll vum Tadej Pogacar iwwerhëlt. Dat Nämmlecht gëllt och fir den Daniel Martinez an den Jai Hindley duerch d’Absense vum Remco Evenepoel bei Red Bull-Bora-Hansgrohe.

D’lescht Joer huet sech de Kévin Vauquelin knapp géint den Tadej Pogacar misse geschloe ginn. Dëst Joer wëllt hien dat beschtefalls änneren. Ma och de Mattias Skjelose, Romain Grégoire an de Lenny Martinez wëlle ganz vir matfueren. Gespaant däerf ee sécherlech och op d’Prestatioun vum Paul Seixas sinn. Den 19 Joer jonke Coureur vun DECATHLON CMA CGM huet virun e puer Wochen d’Tour duerch d’Baskeland gewonnen an ass domadder deen éischte Fransous zanter dem Christophe Moreau am Joer 2007 beim Dauphiné, deen nees e General vun enger World-Tour-Etappe-Course gewonnen huet. Och him kéint den Terrain an der Wallonie leien.

Op deenen 200 Kilometer vun Herstal Richtung Huy ass de Peloton op engem hiwwelege Parcours ënnerwee. Dovun gëtt dräimol e Circuit vu 37,2 Kilometer gefuer, ugefaange bei der Côte d’Ereffe, iwwer d’Côte de Cherave an zum Schluss déi ominéis Mur de Huy erop Richtung Arrivée. Virun allem déi leschtgenannte Montée huet et a sech. Zwar nëmmen 1,3 Kilometer laang, dofir awer am Duerchschnëtt 9,6 Prozent géi an zäitweis bis 19 Prozent Steigung. E schwéiere Schlussakt vun enger usprochsvoller Course.

Jungels a Geniets mat dobäi

Aus Lëtzebuerger Siicht gi souwuel de Bob Jungels, wéi och de Kevin Geniets e Mëttwoch un den Depart. Déi eenzeg Lëtzebuerger Victoire bei der Flèche Wallonne gouf et am Joer 2008. Den 23. Abrëll, also bal genau virun 18 Joer, konnt sech den RTL-Vëlo-Expert a Co-Commentateur Kim Kirchen virum Cadel Evans an dem Damiano Cunego behaapten. Ronn 200 Meter virun der Arrivée hat den deemolege Coureur vum Team High Road an der Mur de Huy attackéiert. Eng Schlussmontée, déi den deemools 29 Joer ale Lëtzebuerger esou beschriwwen huet:

“Natierlech kann een et fir d’éischt net gleewen, datt een dee Moment vir ass, déi lescht honnert Meter. Et denkt een, lo kënnt geschwënn nach een, deen eventuell lo nach laanscht fiert, well et ass wierklech därmoosse schwéier déi lescht 150 Meter. Bon, dunn hunn ech kuerz eng Kéier hannert mech geluusst an et war keen do. Dunn hat ech och nach gutt Zäit, mech dee Moment op de Stréch virzebereeden.”

D’Flèche Wallonne 2026 kënnt Dir e Mëttwoch mat Commentaire vum Kim Kirchen an dem Tom Flammang vu 14:30 Auer un um éischten RTL, op RTL.lu an um RTL Play live kucken.

De Kim Kirchen wënnt d'Flèche Wallonne 2008
De Resumé mam Jeannot Ries an dem Nico Keiffer

Back to Top
CIM LOGO