
An der Haute Savoie bei senge Grousselteren huet dem Paul Seixas seng Begeeschterung fir de Vëlossport hir Urspréng. Deementspriechend war et dem franséische Shootingstar e wichtegt Uleies, hinne perséinlech e spezielle Message z'iwwerbréngen. Kuckt am Video:
De Paul Seixas wäert tëscht dem 4. an dem 26. Juli beim Tour de France un den Depart goen an domat dee jéngsten Debutant zanter 1937 sinn. Hie wier bereet a géif sech éiergäizeg Ziler setzen, sou de Fransous, deen domat den Häre Pogacar a Lipowitz de Kampf useet. Säin Alter wäert hien net hënneren oder eng Ausried sinn, sou de Seixas.
An de leschte Méint hat de Coureur ëmmer erëm gewisen, dass an Zukunft mat him ze rechne wäert sinn. Victoirë bei der Faun-Ardèche-Classic, dem Tour du Pays Basque an der Flèche Wallonne, grad esou wéi zweet Plaze bei der Strade Bianche a Léck-Baaschtnech-Léck hunn en Depart bei der Grande Boucle quasi onëmgänglech gemaach.
Den Tour de France wäert iwwer 21 Etappe féieren an de 4. Juli zu Barcelona a Spuenien ufänken. Arrivée ass de 26. Juli zu Paräis. RTL Lëtzebuerg wäert live iwwerdroen.