Wenzel, Kockelmann a Kluckers am PortraitPreparatiounen an der spuenescher Sonn fir déi nei Saison

RTL Lëtzebuerg
D'Zil vun deenen dräi Lëtzebuerger ass et, sech dës Saison an hire jeeweilegen Ekippen ze verbesseren an deen een oder anere grousse Rendez-vous am Kalenner matzefueren.

Mat hire Ekippen aus der Pro- a Worldtour bereede sech Arthur Kluckers, Mathieu Kockelmann a Mats Wenzel op der Costa Blanca op hir Saison vir.

Mat Kim Kirchen an de Schleck-Bridder koum eng nei Begeeschterung an de Lëtzebuerger Vëlossport. Eng Partie Kanner si mat hire groussen Erfolleger opgewuess a sinn elo selwer um Sprong op den héchsten Niveau. Ronderëm Denia hu sech den Arthur Kluckers, Mathieu Kockelmann a Mats Wenzel mat hiren Ekippen op d’Saison 2026 virbereet.

Dräi Joer ass de Mathieu Kockelmann op Continentalniveau gefuer. Mat der Nationalekipp hat hien 2024 eng Etapp vum polneschen Orlen Natioune-Grand Prix gewonnen an d’lescht Joer ee Sprint um Tour de Luxembourg an och een am Tour de l’Avenir. Domadder ass den 22 Joer alen Cyclist no just engem Joer an hirem Developementteam elo an d’World-Tour-Ekipp vu Lotto-Intermarché gewiesselt. Ouni Drock wëll säin Trainer Oliver Delaey den Allrounder des Saison weider opbauen. Ma a sengem drëtte Coursedag huet den endschnelle Fuerer bei der Etoile de Bessèges direkt déi éischten Etappevictoire fir Lotto-Intermarché gefeiert.

Den Oliver Delaey am RTL-Interview
“He will get his opportunities”
De Mathieu Kockelmann am RTL-Interview
“Ouni Drock wëll ech an dës Saison eragoen”

De Mats Wenzel steet schonn a senger zweeter Saison bei Kern Pharma aus dem spueneschen Pamplona. Och hien huet 22 Joer. Den 68 Kilo liichte Fuerer fillt sech besonnesch an de Bierger a bei senger relativ klenger Ekipp aus dem zweeter Divisioun ganz wuel. Mat gudde Courssen am Fréijoer hofft hien dës Saison a Spuenien säin éischte Grand Tour kënnen ze fueren.

De Mats Wenzel am RTL-Interview
“Ech fille mech richteg wuel an der Ekipp”

Mat 25 Joer ass den Arthur Kluckers ee bësse méi al an och méi erfueren. 2023 goung hien zesumme mam Luc Wirtgen bei Tudor. Lues a lues si si mat dem neie schwäizer ProTeam vum Fabian Cancellara gewuess. 2025 war Tudor Pro Cycling ënnert den 10 erfollegräichsten Ekippen am UCI-Ranking a start dës Saison bei alle grousse Courssen. Mat der Vuelta hofft dann och den Arthur Kluckers am Trikot vum Lëtzebuerger Champion een éischte Grand Tour ze fueren.

Den Arthur Kluckers am RTL-Interview
“Am Championstrikot ze fueren, mécht een houfreg”

Back to Top
CIM LOGO