90. Flèche WallonnePaul Seixas ka sech duerchsetzen

Tom Nols
Iwwer 200 Kilometer goung et vun Herstal op Huy. De Fransous ass domat dee jéngste Gewënner an der Geschicht vun dësem Ardenneklassiker.
D'Freed war grouss beim jonke Fransous
D'Freed war grouss beim jonke Fransous
© JASPER JACOBS/AFP

Den 19 Joer ale Paul Seixas huet déi 90. Editioun vun der Flèche Wallonne gewonnen. Am Mur de Huy huet de jonke Fransous vum Team Decathlon CMA CGM op de leschte 400 Meter attackéiert a konnt um Enn de Schwäizer Champion Mauro Schmid an de Britt Ben Tulitt op Distanz halen. Sou jonk wéi de Seixas huet sech nach keen aneren an der Flèche Wallonne kënnen duerchsetzen.

De Paul Seixas gewënnt déi 90. Flèche Wallonne
Kuckt de leschte Kilometer vun der Course nach emol am Replay.

D'Lëtzebuerger

De Bob Jungels huet wichteg Aarbecht gemaach fir seng Ekipp Ineos a klasséiert sech um Enn als 69. mat engem Réckstand vun zwou Minutten an enger Sekonn op de Gewënner aus Frankräich. De Kevin Geniets war dogéint ronn 40 Kilometer virun der Arrivée an enger Descente gefall an hat mussen opginn.

De Verlaf vun der Course

Zu de Favoritten hunn nieft dem Paul Seixas och de Kévin Vauquelin, de Lenny Martinez an de Martin Skjelmose gezielt. Ronn 200 Kilometer waren an de belschen Ardennen ze fueren. No ronn 100 Kilometer goung et op de Circuit, deen dräi Mol huet musse bewältegt ginn, mat der Côte d'Ereffe, der Côte de Cherave an der berüchtegter Mur de Huy. Direkt nom Start hat sech e Grupp vu 6 Coureuren ofgesat a bis zu dräi Minutten erausgefuer. Nom éischte Passage zu Huy war de Van Hemelen net méi mam Grupp matkomm. Vum Peloton distanzéiert war do schonn den dräifache Gewënner Julian Alaphilippe.

Just éiert et déi zweete Kéier d'Mauer erop goung, hunn den Andreas Leknessund an de Jardi van der Lee sech aus dem Grupp vun den Ausräisser geléist. De Peloton, ënnert anerem duerch d'Initiativ vun UAE a Lidl-Trek, huet duerno Drock gemaach. Virum leschte Passage op der Côte d'Ereffe konnt sech de Leknessund vum van der Lee ofsetzen, an huet sech eleng op de Wee a Richtung Arrivée gemaach. 22 Kilometer viru Schluss war et eng Chute, an déi ënnert anerem de Marcel Hirschi verwéckelt war. Wéi bësse manner wéi 7 Kilometer ze fuere waren, ass den norwegesche Champion agefaange ginn. Am Mur de Huy ass dunn d'Decisioun gefall.

Back to Top
CIM LOGO