Cyclocross-WeltcupMarie Schreiber fiert zu Benidorm op déi 8. Plaz, Victoire fir d'Lucinda Brand

Jeff Birsens
Déi frësch gekréint Lëtzebuerger Championne huet sech an der Course zu Benidorm direkt eng Plaz an den Topp10 geholl.
© AFP Archivbild

Zu Benidorm a Spuenien war e Sonndeg déi 10. Manche am Cyclocross-Weltcup. Duerchgesat huet sech bei der Dammen-Elite d’Hollännerin Lucinda Brand. Déi 37 Joer al Coureuse war 10 Sekonne virun hirer Landsfra Ceylin Del Carmen Alvarado an 12 Sekonne virun der Fransousin Amandine Fouquenet op der Arrivée ukomm. D’Marie Schreiber hat e Réckstand vun 1:14 Minutt an ass domat op déi 8. Plaz gefuer.

Plaz 38 ass mat engem Retard vu 4:44 Minutten un d’Liv Wenzel gaangen. D’Maïte a Layla Barthels sinn déi 49. a 55. ginn.

Bei der Course vun der Hären-Elite ass d’Victoire un de Mathieu van der Poel gaangen. Den Hollänner hat um Enn e Virsprong vun 28 Sekonnen op de Belsch Thibau Nys an 32 Sekonnen op de Spuenier Felipe Orts Llorret.

Back to Top
CIM LOGO