
Vun e Sonndeg u gëtt den Tour Auvergne - Rhône - Alpes , de fréiere Critérium du Dauphiné, gefuer. Dës Course zielt als lescht Virbereedung fir den Tour de France a geet zum Deel iwwer de Parcours, op deem am Juli och den Tour de France gefuer gëtt. Favorit ass de jonke Fransous Paul Seixas, dat ëmsou méi, well weder den Tadej Pogacar, deen dëst Joer den Tour de Suisse fiert, nach de Jonas Vingegaard, deen no senger Victoire beim Giro eng Paus mécht, net dobäi sinn. D'Course ass och 2026 nees ganz schwéier mat villen Etappen, bei deenen et vill Biergop wäert goen.
Fir de Mathieu Kockelmann gëtt den Tour Auvergne - Rhône - Alpes e wichtegen Test an der Worldtour. Bei eis am Interview seet den 22 Joer ale Coureur, datt et fir hie wichteg ass ze gesinn, wéi hie sech an esou Coursse schléit. Am Training géif hie sech gutt spieren, mee et misst ee kucken, wéi et a sou enger schwéierer Course géif goen. Am zweeten Deel vun der Saison hätt hien e puer Ziler an dofir géif dës Course him fir seng weider Entwécklung gutt doen. De Skoda Tour de Luxembourg, den Tour duerch Dänemark, d'Lëtzebuerger Championnat awer och Paris - Tours, wiere fir de jonke Sportler Courssen, wou hien Ambitiounen hätt.
Den Tour Auvergne - Rhône - Alpes kënnt Dir all Dag Live op RTL kucken. Nieft dem Mathieu Kockelmann steet och de Kevin Geniets an der provisorescher Startlëscht vun der Course.