
E Sonndeg de Mëtteg huet d'Erin Boothman déi zweet Course vum Festival Elsy Jacobs gewonnen. D'Brittin konnt sech am Schlusssprint zu Zéisseng virun der Schwäizerin Steffi Häberlin an der Lëtzebuergerin Nina Berton behaapten. De Spëtzegrupp mat knapp 10 Coureuren hat sech kuerz no der Hallschent vun der Course vum Peloton ofgesat a war bis zum Schluss vir bliwwen.
Nom Depart zu Zéisseng ass de Peloton ufanks nach zesummebliwwen. Plazeweis huet et no enger Zäit ugefaange mat reenen an deemno war wéinst den naasse Stroossen och Virsiicht gebueden. Réischt no der Hallschent vun der Course gouf et dann eng éischt Rei un Attacken, wouduerch sech un der Spëtzt vun der Course e klenge Grupp vun néng Coureuren, dorënner d'Nina Berton, forméiert huet. Besonnesch gutt zesummegeschafft huet de Grupp vir ufanks net, sou datt et gedauert huet, bis den Ecart iwwert eng Minutt geklommen ass. De Spëtzegrupp mat mëttlerweil aacht Coureure sollt et de Virsprong bis op d'Arrivée hale kënnen, sou datt do d'Decisioun am Sprint gefall ass. Um Enn war et d'Erin Boothman, dat sech d'Victoire knapp virum Steffi Häberlin an dem Nina Berton séchere konnt.
1. Erin BOOTHMAN 3:17:51
2. Steffi HÄBERLIN ,,
3. Nina BERTON ,,
4. Magdalena LEIS ,,
5. Katharina SADNIK ,,
6. Bodine VOLLERING 0:06
7. Lidia CUSACK 0:10
8. Nina LAVENU 0:21
9. Femke GERRITSE 2:18
10. Valentine FORTIN ,,
59. Gwen NOTHUM 2:25
DNF Layla BARTHELS
DNF Lena LALLEMANG