E Samschdeg stoung beim Giro d'Italia vun den Dammen déi zweetlescht Etapp an domat eigentlech och d'Kinneksetapp um Programm. D'Dagescvictoire ass dobäi un d'Demi Vollering gaangen. D'Hollännerin konnt sech am Sprint virum Isabella Holmgren, Antonia Niedermaier an Anna van der Breggen duerchsetzen.
De Sprint ëm d'Etappevictoire war dobäi awer däitlech méi fréi ausgefall wéi geplangt. Well eng Schnéiplack riskéiert hat, op d'Strooss ze rutschen, gouf d'Arrivée kuerzfristeg 1 Kilometer virun de Colle delle Finestre verluecht. Sou war d'Kinneksetapp schonn no 78 Kilometer eriwwer. D'Nina Berton ass mat engem Retard vu 24:16 Minutten als 96. ukomm.
Am General konnt d'Anna van der Breggen hire Rosa Trikot trotz den Ëmstänn verdeedegen a steet domat virun der leschter Etapp e Sonndeg kuerz virun hirer fënnefter Schlussvictoire beim Giro d'Italia.
1 Demi VOLLERING 2:28:46
2 HOLMGREN Isabella ,,
3 NIEDERMAIER Antonia ,,
4 VAN DER BREGGEN Anna ,,
5 DE VRIES Femke 0:55
6 REUSSER Marlen 0:57
7 DICKSON Lauren 1:10
8 LONGO BORGHINI Elisa 1:39
9 FISHER-BLACK Niamh 1:46
10 CAVALLAR Valentina 2:18
96 BERTON Nina 24:16
1 VAN DER BREGGEN Anna 26:09:22
2 VOLLERING Demi 0:50
3 NIEDERMAIER Antonia 1:20
4 HOLMGREN Isabella 1:55
5 REUSSER Marlen 3:00
6 DE VRIES Femke 3:33
7 LONGO BORGHINI Elisa 3:46
8 FISHER-BLACK Niamh 4:19
9 ZIGART Urska 5:51
10 DE SCHEPPER Lore 5:59
75 BERTON Nina 1:07:25