Giro d'Italia Demi Vollering kroopt sech Maglia Rosa, Nina Berton 56.

RTL Lëtzebuerg
Et war eng spannend lescht Etapp vum Dammen-Giro. D'Elisa Longo Borghini huet sech d'Dagesvictoire geséchert, mee d'Demi Vollering konnt der Anna van der Breggen nach de Leadertrikot ofhuelen.
D'Demi Vollering virum Depart vun der leschter Etapp.
© TOMMASO BERARDI/NurPhoto via AFP

Déi néngt a lescht Etapp huet d'Coureuren iwwer 145 Kilometer ronderëm d'Stad Saluzzo am Piemont geféiert. Insgesamt waren dräi Bierger vun der éischter, zweeter an drëtter Kategorie ze iwwerwannen. D'Elisa Longo-Borghini konnt sech am Sprint d'Victoire sécheren an huet d'Niamh Fisher-Black an d'Antonia Niedermaier op d'Plaze verwisen.

D'Demi Vollering, déi e Samschdeg déi verkierzt Kinneksetapp gewonnen hat, konnt der Anna van der Breggen nach de Maglia Rosa ofknäppen a gewënnt den Giro d'Italia Women. D'Leaderin van der Breggen koum mat engem Retard vun 2:22 un. Wéinst dem gudde Resultat vun der Däitsch Antonia Niedermaier ass d'Hollännerin am General souguer nach op déi drëtt Plaz zeréckgefall. D'Nina Berton gouf op der leschter Etapp déi 56. mat 18'10'' Réckstand.

An der Course hat sech eng Echappée ronderëm de Maglia Rosa forméiert, wou och d'Demi Vollering, d'Elisa Longo-Borghini, d'Antonia Niedermaier an d'Niamh Fisher-Black dra waren. No dem leschte Bierg huet d'van der Breggen op der 40 Kilometer laanger Descente ofräisse loossen, soudass véier Coureuren zesummen der Arrivée entgéint gefuer sinn. D'Vollering huet hir Chance gesinn, fir déi 49 Sekonne Réckstand op hir Landsfra opzehuelen an huet sech och d'Zäitbonifikatioun am Sprint an der Descente geséchert.

20 Kilometer virun der Arrivée war d'van der Breggen 1:20 hannert der Vollering, an dëse Réckstand ass bis op d'Arrivée weider gewuess. Um Enn duerft sech d'Vollering iwwer de Gewënn vum Giro d'Italia freeën. D'Hollännerin dierf sech och iwwer den Trikot vum beschte Grimpeur freeën. Den Trikot vun der beschter Sprinterin geet un d'Elisa Balsamo, dee vun der beschter Jonker geet un d'Isabella Holmgren.

Resultat vun der Etapp

1 Elisa Longo-Borghini 3:45:09
2 Niamh Fisher-Black 0:00
3 Antonia Niedermaier 0:02
4 Demi Vollering 0:03
5 Femde de Vries 2:23
6 Anna van der Breggen 2:23
...
xx Nina Berton xxx

De General

1 Demi Vollering 29:54:19
2 Antonia Niedermaier 0:30
3 Anna van der Breggen 1:37
4 Elisa Longo-Borghini 2:44
5 Niamh Fisher-Black 3:26

Back to Top
CIM LOGO