Cyclocross-ChampionnatMarie Schreiber a Loïc Bettendorff verdeedegen hir Meeschtertitelen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg sinn zu Dikrech déi national Cyclocross-Meeschterschaften. Moies hat ënner anerem de Ben Fleming de Championstitel bei de Juniore gefeiert.
De Resumé vun den nationale Cyclocross-Meeschterschaften
D’Marie Schreiber an de Loïc Bettendorf verdeedegen hir Titelen.

D’Marie Schreiber huet hiren Titel aus dem viregte Joer verteidegt a sech eng véiert Kéier d’Meeschterkroun am nationale Cyclocross opgesat. Domat housch d’Gewënnerin bei der Dammen-Elite zënter 2023 ëmmer Marie Schreiber. D’Fuererin vun der Profisekipp SD Worx-Protime konnt sech souverän géint hir eenzeg Konkurrentinn Nina Berton duerchsetzen. D’Maïté Barthels war zwar ageschriwwen, mee goung net un den Depart. Hir Schwëster Layla Barthels huet sech bei den Espoirë géint d’Liv Wenzel behaapt. D’Wenzel louch laang vir, hat awer dunn e Problem mam Vëlo an huet dowéinst vill Zäit verluer.

D’Männer goufen eng gutt Stonn no den Dammen op de Parcours zu Dikrech geschéckt. Hei gouf de Loïc Bettendorff senger Favoritteroll gerecht an huet virum Raphaël Kockelmann an dem Ken Conter, fir deen et de leschte Cross a senger Karriär war, gewonnen. De Bettendorff konnt sech am zweeten Tour vun der Konkurrenz ofsetzen a seng Avance permanent ausbauen an um Enn eng souverän Victoire feieren. Domat huet och de Bettendorff säin Titel vun 2025 verdeedegt. De Mil Morang huet sech bei den Espoiren den Titel virum Lennox Papi an dem Rick Meylender geséchert. Hei war et eng relativ spannend Course. De Morang an de Papi konte sech eng kleng Avance op d’Konkurrenz vu Kalweit a Meylender erausfueren. D’Entscheedung tëscht Morang a Papi ass am leschten Tour gefall. Op de leschte Meter hat de Mil Morang déi besser Been an duerft sech iwwer d’Victoire freeën.

Loïc Bettendorff
Loïc Bettendorff
© Roland Miny

Den Ufank haten um 11 Auer d’Masters vun den Häre gemaach. Hei huet de Pol Weisgerber am Sprint virum Tommy Arnoldy an dem Claude Wolter gewonnen. Déi zwee Éischt ware laang zesumme vir, no der hallwer Course konnt de Claude Wolter opschléissen. Am Sprint hat de Weisgerber awer déi besser Been a gewënnt no enger dominanter Saison de Championstitel. Bei den Damme goung den Titel un d’Suzy Godart, déi als eenzeg Fuererin un den Depart gaange war.

Bei de Junioren dierf de Ben Fleming sech neie Champion nennen a kréint domat seng staark Saison. Hie gewënnt virum Dawson Pereira Fehlen an dem Ben Koenig. Déi dräi waren am Ufank nach zesummen, no der hallwer Course sinn dunn awer Lächer entstanen. Insgesamt waren zwielef Coureuren hei un den Depart gaangen. Bei de Juniorinnen huet d’June Nothum gewonnen.

Bei ingesamt 15 Participantë bei den Debutanten huet sech de Yannis Elsen virum Pol Moog a Leo-Marc Lanners duerchgesat. Den Elsen an de Moog waren zesummen, bis de Moog duerch en techneschen Defekt Zäit verluer huet. Bei den Debutant-Dammen huet d’Sarah Koenig souverän virun der Chiara Christen an der Enola Walch gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO