Vëlossport: Tour Auvergne-Rhône-AlpesAnthon Charmig hëlt sech d'Dagesvictoire, Alex Baudin bleift Leader

RTL Lëtzebuerg
Den Däm Anthon Charmig huet déi zwete Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes gewonnen. Op der Arrivée zu Le-Puy-en-Velay ass hien en solitaire ukomm.
© Photo by ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP

Am Cyclissem gouf et op der zweeter Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes eng Victoire vum Anthon Charmig. Den Dän konnt sech en solitaire mat engem Ecart vun 41 Sekonne virum Fransous Renard-Haquin an dem Belsch Vlad van Mechelen duerchsetzen. De Mathieu Kockelmann koum e Méindeg als beschte Lëtzebuerger op déi 96. Plaz mat engem Retard vun 12 Minutten a 17 Sekonnen. De Kevin Geniets gouf den 109.

Am General bleift den Alex Baudin virop an huet eng Avance vun 32 Sekonnen op de Ramses Debruyne. De Kevin Geniets ass de 94. op iwwer 25 Minutten. De Mathieu Kockelmann läit aktuell op Plaz 128 op iwwer 33 Minutten.

En Dënschdeg ass een Ekippen-Zäitfueren iwwer 28,4 Kilometer, dat dir op der Tëlee an um RTL Play nees live suivéiere kënnt.

Back to Top
CIM LOGO