Tour Auvergne-Rhône-AlpesAlex Baudin gewënnt éischt Etapp en solitaire

RTL Lëtzebuerg
No 146 Kilometer konnt de Baudin de Ramses Debruyne an de Léo Bisiaux hannert sech loossen.
Den Alex Baudin um Podium.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Déi 78. Editioun vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes gouf e Sonndeg mat der Etapp vu Vizille op Saint Ismier gestart. No 146 Kilometer duerft sech den Alex Baudin iwwer d'Victoire freeën. Et war déi drëtt Victoire a senger Karriär. De Fransous hat sech fréi mat enger Echappée duerch d'Bascht gemaach a blouf als eenzege vun der ursprénglecher Véierergrupp iwwereg. Déi lescht 25 Kilometer huet de Baudin eleng zeréckgeluecht.

Hannert dem Fransous gouf op der Ligne d'arrivée ëm déi reschtlech Plazen um Podium gesprint. Hei hat de Belsch Ramses Debruyne déi séierst Been virum Léo Bisiaux an dem Kevin Vermaerke. De Kevin Geniets hat als 81. eng Véierelstonn Retard op de Gewënner. De Mathieu Kockelmann koum als 131. op d'Arrivée (+ 24:09).

Resultat vun der Etapp

1 Alex Baudin 3:43:58
2 Ramses Debruyne 0:32
3 Léo Bisiaux ''
4 Kevin Vermaerke ''
5 Rudy Molard ''
6 Ben Tulett ''
7 Luke Plapp ''
8 Luke Tuckwell ''
9 Kévin Vauquelin ''
10 Oscar Onley ''

Back to Top
CIM LOGO