E Sonndeg de Moie war zu Réimech eppes méi lass. D'Route du Vin zitt ëmmer nees eng sëllege Leefer un. Och dëst Joer war dat net anescht, wou et nees en néie Rekord a punkto Inscriptioune gouf.
Eppes war op alle Fall sécher: De Bob Bertemes géif säi Championstitel am Semi-Marathon net verdeedegen. Hien huet seng Lafschong jo un den Nol gehaangen.
Um Punkt 9 Auer goufen déi 3.700 Leefer op de Parcours geschéckt. Vu Réimech goung et op Rëmerschen, vun do zeréck op Stadbriedemes, ier et zréck op d'Arrivée zu Réimech goung.
Et war nees e Rekordjoer. Schonn dräi Woche virun dëser 32. Editioun waren all d'Dossarde fort. 700 Leefer stoungen nach op der Waardelëscht. D'Organisatioun ass begeeschtert, dass d’Route du Vin all Joer ëmmer méi Leit unzitt. Am Ganze goufen 1.000 Inscriptioune méi gezielt wéi dat lescht Joer.
De José Azevedo, Organisateur vun der Route du Vin: “De Parcours ass flott. Mir hunn jo och dee ganze Parcours gewiesselt an deen ass flott. Et gëtt och iwwerall geschwat, souguer am Ausland. Mir hu ganz vill Auslänner, déi heihinner kommen. Dat freet eis. Si trainéieren zesummen, si soen dann: 'Hei komm mir ginn op d'Route du Vin, do kënne mer schnell lafen an do kënne mer gutt Zäite lafen iwwert e flotten Parcours'. D’Ambiance um Parcours ass gutt, wat och ëmmer positiv ass.”
Beim Lëtzebuerger Championnat war beim éischte Passage bei den Hären de Yonas Kinde virop. Bei den Dammen louch d’Jenny Gloden un der Spëtzt.
Op der Arrivée sollt sech un dësem Resultat näischt méi änneren. Den Yonas Kinde vum Celtic ass an enger Zäit vun 1 Stonn, 5 Minutten an 36 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gelaf a war domat neie Lëtzebuerger Champion.
De Yonas Kinde vum CELTIC: “Ech war e bësse schnell fir déi éischt fënnef Kilometer a fir déi éischt Hallschent war e bësse schnell mat der éischter Grupp. 14 Minutten a 50 Sekonnen, dat war e bësse séier, mee jo, fir mech ass et gutt gaangen. Also ech si ganz zefridden.”
Op de Plazen zwee an dräi koumen den Jimmy Keiffer vun der Fola an den Niall Foley vum CAEG.
D'Jenny Gloden ass no 1 Stonn, 15 Minutten an 42 Sekonnen als éischt Lëtzebuergerin iwwert de wäisse Stréch gelaf. D'Zäit vun der Fola-Leeferin war zwar méi lues wéi d'lescht Joer, ma konnt domat awer en weideren Titel an hire Palmarès androen.
D'Jenny Gloden vun der FOLA: “Ech si ganz frou, dass ech nach eng Kéier konnt den Titel huelen. Ech hätt mer vläicht e bësse méi eng schnell Zäit gewënscht, mee trotzdeem mengen ech, et ass meng zweetbeschten Zäit. Ech war net ganz frësch. Ech sinn an der Marathonpreparatioun. Duerfir huelen ech dat awer gär.”
Den nächste groussen Rendez-vous fir d'Jenny Gloden ass an engem Mount, wou d'Fola-Leeferin beim Marathon zu Frankfurt am Asaz wäert sinn.
De Podium bei den Dammen hunn déi zwee Celtic-Leeferinnen Anne Reiser a Lara Georges komplettéiert.
Nieft de gudde Resultater vum Yonas Kinde a Jenny Gloden huet d'Vera Bertemes-Hoffmann e Sonndeg awer och en nationale Rekord opgestallt. D'Lëtzebuerger Athleetin ass nämlech 5 Kilometer a knapp 15:46 Minutte gelaf. Wéi d'Federatioun preziséiert, läit d'Vera Bertemes-Hoffmann domat däitlech ënnert dem Minimum vu 16:00 Minutten, fir offiziell als Landesrekord ugesinn ze ginn.
Och déi Kleng konnten e Sonndeg hir Lafschong undoen. Am Ganze waren, mam Kids Run inclus, 6.500 Leeferinnen a Leefer e Sonndeg bei der Route du Vin am Asaz. Esou vill wéi nach ni.
Elo bleift just nach ofzewaarden, ob d'Organisatioun dëse Rekord dat nächst Joer nees toppen kann.