
No engem Service vu sengem Géigner Aljaz Bedene huet hien de Ball mat geckegen 182 Stonnekilometer zeréckgespillt. Do huet de Slowen net schlecht gestaunt.
Och wann de Paire mat senger Virhand hei de Punkt gemaach huet, huet de Fransous nawell de Match verluer. D'Nummer 19 vun der Welt war dem Bedene mat 2:6 a 4:6 ënnerleeën.