Mats Wenzel fiert d'Vuelta"Optimal wier et, eng Etapp ze wannen", esou de Profi am RTL-Interview

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp vum Mats Wenzel, Kern Pharma, huet bekannt ginn, datt den 23 Joer ale Vëlosprofi den Tuer duerch Spuenien matfiert.
"Optimal wier et, eng Etapp ze wannen", esou de Mats Wenzel am RTL-Interview
D'Ekipp vum Mats Wenzel, Kern Pharma, huet bekannt ginn, datt den 23 Joer ale Vëlosprofi den Tuer duerch Spuenien matfiert.

De Mats Wenzel wäert dëst Joer beim Tour duerch Spuenien un den Depart goen. Dat huet seng Ekipp Kern Pharma e Freideg annoncéiert. Fir den 23 Joer ale Lëtzebuerger Coureur ass dat den éischte groussen Tuer, deen hie matfiert. Dat an deem Joer, an deem seng Ekipp mam Vëlossport ophält.

Fir d'Joer 2027 huet de Mats Wenzel nach kee Kontrakt a wëll och d'Geleeënheet notzen, sech bei der Vuelta ze weisen. Wann alles optimal géif lafen, géif hie gär eng Etapp wannen.

Nieft dem Lëtzebuerger fuere bei Kern Pharma dës Coureure mat: Urko Berrade, Marc Brustenga, Ivan Cobo, Inigo Elosegui, Ibon Ruiz, Ivan Ramiro Sosa, Diego Uriarte.

Den Depart vun der Vuelta ass den 22. August zu Monaco. De grousse Favorit op de Roude Maillot ass den Tour-de-France-Gewënner Tadej Pogacar. De Sloween huet d'Vuelta bis ewell nach net kënne gewannen.

Back to Top
CIM LOGO