
Et war eng Aussesäiter-Finall tëscht dem Garbine Muguruza (WTA 32) an dem Sofia Kenin (WTA 15), déi no dësem staarken Turnéier béid hir Placéierungen an der Weltranglëscht wäerte verbesseren.
E gudden Optakt hat déi jonk Amerikanerin Kenin, déi bei hirem Service direkt de Jeu fir sech entscheede konnt. De Saz huet sech d'Spuenierin Muguruza, déi schonn 2 Grand-Slam-Tournoie gewonnen huet, awer net huele gelooss. Mat engem 6:4 konnt si dëse fir sech entscheeden.
Deen zweete Saz huet d'Kenin dominéiert, war esouguer 4:1 vir a konnt en zum Schluss kloer mat 6:2 gewannen. Esou huet den 3. an entscheedende Saz misste gespillt ginn, fir de grousse Gewënner vum éischte WTA-Grand- Slam vum Joer ze kréien.
Et war een am Ufank ausgeglachenen drëtte Saz, bis beim Stand vun 2:2. Bei eegenem Opschlag louch déi jonk Amerikanerin 0:40 zeréck. Si huet du Moral gewisen an de Saz awer nach fir sech entscheet. Een änlecht Bild am nächste Jeu, esou datt d'Kenin sech hei en Avantage vu 4:2 erausspille konnt. Dorausser konnt si nach e 5:2 maachen, esou datt d'Muguruza zimmlech ënner Drock geroden ass. Och beim eegenen Opschlag konnt si näischt méi maachen a verléiert mat engem Doppelfeeler dëse Match.
D'Sofia Kenin ka sech zu Melbourne iwwert hiren éischten Titel op engem Grand-Slam freeën.