Schi AlpinSchwarz wënnt bei Hären, Shiffrin verléiert bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Beim City-Event fir Dammen an Hären zu Oslo an Norwegen op Neijoerschdag gouf et Iwwerraschungen.

Bei den Häre konnt den Éisträicher Marco Schwarz am Mekka vum nordesche Schisport seng éischt Victoire am alpine Weltcup feieren.

Beim Parallel-Slalom am Schisprong-Stadion um Holmenkollen konnt hie sech an der Finall géint den Dave Ryding duerchsetzen - domat huet de Ryding déi éischt Victoire vun engem Brit an der 52 Joer aler Weltcup-Geschicht knapp verpasst.

De Marcel Hirscher war an der Véierelsfinall vum Ryding eliminéiert ginn.

Plaz 3 war fir de Ramon Zenhäusern (Schwäiz), Plaz 4 fir de Gewënner vum leschte Joer Andre Myhrer (Schweden).

Eng Iwwerraschung gouf et och bei den Dammen, wou d'Petra Vlhova aus der Slowakei 5 Deeg no hirer Victoire am Riseslalom beim Semmering an der Finall d'US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin schloe konnt - mat enger minimaler Avance vun 0,39 Sekonnen no zwee Leef.

An der Course ëm d'Plaz 3 hat d'Wendy Holdener aus der Schwäiz d'Nues vir géint d'Anna Swenn Larsson aus Schweden.

Back to Top
CIM LOGO