Australian OpenOut fir d'Mandy Minella am 2. Tour vun der Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin verléiert an dräi Sätz mat 1-6, 6-1 a 5-7 géint d'Wäissrussin Olga Govortsova, aktuell Nummer 390 op der Welt.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

An der aktueller Weltranglëscht kënnt d'Lëtzebuerger Nummer Eent op déi 103. Plaz.

An der 1. Ronn vun der Qualifikatioun hat d'Mandy Minella an 3 Sätz géint d'Pemra Ozgen aus der Tierkei gewonnen.

Géint d'Wäissrussin huet d'Lëtzebuergerin dann elo am 4. Match fir d'4. verluer.

Back to Top
CIM LOGO