Dobäi war Nidderkuer schonn no 11 Minutten duerch e Gol vum de Almeida a Féierung gaangen an hat déi Avance och bis an d'Paus gerett. Ma kuerz nom Säitewiessel kruten d'Gäscht e Penalty zougesprach, deen de Ramadani och verwandele konnt.
No 62 Minutten dunn eng weider Féierung fir déi Nidderkuerer. Dëst d'Kéier hat den de Almeida fir den Natami virgeluecht, genau ëmgedréint, wéi nach beim 1:0. Ma just 4 Minutten huet dës Féierung gehalen, well de Ramadani huet eng zweete Kéier vum Punkt getraff. Esou ass dës Partie um Enn 2:2 ausgaangen.
De Retourmatch ass den 20. Juli am Kosovo.
