
Zu London am Alexandra Palace, vun de Fans just Ally Pally genannt, stoung en Dënschdeg den Owend den Ofschloss vun der Darts-WM vun der Professional Darts Corporation (PDC) um Programm. An der Finall stounge sech den Hollänner Michael van Gerwen an Englänner Michael Smith géigeniwwer, gespillt gouf "First to 7".
No net grad zwou Stonne konnt sech de Mithy Mike iwwer säin drëtte Weltmeeschtertitel freeën. Mat 7:3 an de Sätz konnt hie sech géint de Michael Smith duerchsetzen, dobäi hat en den Englänner de ganze Match iwwer op Distanz gehalen.
MvG-Duerchmarsch bis 4:0
Wien op eng spannend Finall gehofft hat, dee gouf am Ufank ferm enttäuscht, well de Bully Boy huet einfach net richteg gescored an de Michael van Gerwen hat keng Méi, sech deen éischten, zweeten an drëtte Saz zu huelen. Allkéiers war den MvG séier 2:0 an de Legs wier an huet et dunn och ëmmer gepackt, de Saz ze fannen.
De Smith huet einfach net genuch Triplë geworf, fir dem van Gerwen Paroli bidden ze kënnen. Am drëtte Saz ass säin Average op 86 gefall - a well och keng héich Check-outte gelonge sinn, konnt den MvG marschéieren ...
Am 4. Saz hat de Bully Boy et an der Hand, deen ze gewannen, well de van Gerwen e Problem mat dem Dubbelen hat, ma de Smith hat nach méi ee groussen domat an huet mat 3 Feiler net duebel 12 kritt - domat stoung et no net emol enger Stonn 4:0 fir den MvG. Et huet no enger ganz klorer Saach ausgesinn!
Awer kee White Wash: 4:1
De 5. Saz war dunn - endlech - méi enk. Nodeems de van Gerwen de Smith bis dohi genee esou dominéiert hat wéi den Anderson an der Halleffinall an et engem scho baang ëm de Smith konnt ginn, ass him am 5. Saz awer net méi alles gegléckt ... wouvun de Smith mat engem 124er Check-out beim Stand vun 2:2 an de Legs profitéiert huet, fir sech dee Saz ze sécheren. E White Wash géif et also scho mol net ginn.
An du war de Bully am Match ukomm, well de sechste Saz huet hie sech mat 3:0 gekroopt! Direkt e puer High Finishe sinn him gelongen, grad an enger Phas, an där de MvG Schwäche gewisen huet.
Ma déi Phas huet net laang gedauert a soubal de Smith eng kleng Chance ausgelooss huet, war den MvG nees do. Wéi d'Scorë vum Smith dunn am 7. Saz och nees stënterlech ze wënschen iwwreg gelooss huet, huet de van Gerwen op 5:2 erhéicht - lues, awer sécher ass et brenzeleg gi fir Smith ... a wat deen Ament nach bal méi wichteg war: Den MvG hat säi Laf gebrach kritt.
Smith nach net geschloen?
Den aachte Saz war dunn dee kruzialen, well de Smith huet seng Chancen, déi en duerchaus hat, net genotzt. Am entscheedende 5. Leg sinn him 3 Darts net duergaangen, fir eng duebel Zuel auszechecken - an dunn huet den MvG zougeschloen an ass op 6:2 dervu gezunn. Him huet deen Ament nach just 1 Saz gefeelt, fir Weltmeeschter ze ginn - am Fong war et just nach eng Fro vun der Zäit.
Trotzdeem war dunn dee Set, mat deem de van Gerwen den Titel hätt kënne kloer maachen, e ganz spannenden - mat engem MvG, deen nervös ginn ass an e puer Mol ganz niddreg gescored huet, an engem Smith, deen awer nach gewisen huet, wat e spille kann, wann en an Top-Form ass. Am decisive 5. Leg schafft hien de Break a kann de Saz fir sech entscheeden: Nach just 3:6!
Am 9. Saz war de van Gerwen dunn awer nees konzentréiert, séier hat hien en 2:0-Avantage an de Legs. De Smith konnt nach op 1:2 verkierzen, ma dunn huet de Michael van Gerwen de Sak zougemaach a sech iwwer säin drëtten Titel gefreet. An iwwer d'Sid-Waddell-Coupe an iwwer 500.000 Pond!
De Smith hat et einfach net fäerdegbruecht, u seng Leeschtungen aus de viregte Matcher unzeknäppen. An den Titelverdeedeger Rob Cross war jo schonn an der Aachtelsfinall eliminéiert ginn.
No der Victoire sot den MvG, datt hien am Fong ni dru gezweiwelt hätt, datt hie Weltmeeschter géif ginn. 2014 hat hie jo schonn een Titel gewonn, géint de Peter Wright, an 2017 ee weidere géint den Anderson.
Nieft dem Phil Taylor mat 14 PDC-Titelen ass de Michael van Gerwen elo deen eenzegen, dee méi wéi 2 Titelen um Kont huet.
No der WM gouf och nach de Line-up vun der Premier League matgedeelt.