Mat 23 Joer fiert de Mats Wenzel e Sonndeg fir déi éischte Kéier eng vun deene gréisste Coursse vun der Saison. Fir de Coureur vun der spuenescher Equipo Kern Pharma geet e Sonndeg deemno en Dram an Erfëllung. Datt dem Coureur seng Form gutt ass, kann een un de Resultater aus de leschte Wochen erausliesen. Den 12. Abrëll hat hien d'Clasica de Pascua gewonnen, nëmmen dräi Deeg drop war et op der zweeter Etapp vum O Gran Camino déi zweete Plaz fir den am CT Aterdaul forméierte Coureur.
Fir Léck-Baaschtnech-Léck ass de jonke Coureur, deen e staarke Biergfuerer ass, realistesch. Wa Pogacar, Evenpoel a Seixas richteg attackéieren, da gëtt et fir de Recht vun der Konkurrenz komplizéiert. Dowéinst ass et d'Zil, fir de Sprong eventuell an eng Echappée ze packen oder z'antizipéieren. Besonnesch déi zweet Optioun war awer an de leschte grousse Klassiker relativ schwéier ëmzesetzen. D' Coursë sinn immens séier an intensiv an déi grouss Leadere fuere mat hire staarke Coequipieren, sou datt et schwéier ass, fir sech virun engem entscheedende Moment aus dem Stëbs ze maachen.
Wéi wäert de Mat Wenzel sech an der "Doyenne" schloen? RTL iwwerdréit Léck-Baaschtnech-Léck e Sonndeg live op der Tëlee an op RTL.lu.