
Et ass déi leschte Wochen net gutt gelaf zu Gladbach. D'Borussia konnt just 1 Match vun de leschte 7 gewannen, am Ganze gouf et just 5 vun 21 méigleche Punkten. Grad de leschte Weekend am Derby géint Düsseldorf koum ee richteg ënnert d'Reider an ass och duerch déi schlecht Virstellungen aus de leschte Wochen vun enger Champions League-Plaz gerutscht.
Um Dënschdeg huet d'Borussia matgedeelt, datt een d'Saison mat Dieter Hecking wéilt fäerdeg maachen, fir déi nächste Saison sicht een awer en neie Mann op der Bänk.
De 54 Joer alen Hecking hat de Veräin am Dezember 2016 iwwerholl a koum déi leschte Saison op d'Plaz 9.