Um 9h30 scho war et fir d’Dammen an der Elite-Course de Moien zu Veianen op den 37 Kilometer laangen Parcours vum Eislek Gravel gaangen. Deen huet insgeamt dräi mol gefuer misse ginn. Kuerz drop um 10h war et dunn den Depart an der Elite bei den Hären. Hei waren nieft dem Triathlon Weltmeeschter Greg van Avermeart och eng Rei Lëtzebuerger mat um Depart, wéi beispillsweis den Tim Diederich, deen sech zejoert nach als 23. klasséiert hat. Och nach weider Coureuren an den aneren Altersgruppe goufen dono a kuerzen Ofstänn op de Parcours geschéckt. Insgesamt waren haut iwwer 1000 Coureure bei der zweeter Editioun mat um Depart.
Nieft Ännerungen am Parcours, deen zejoert nach deels duerch Däitschland gaange war, war dëst Joer och dat waarmt Wierder eng weider Schwieregkeet déi fir vill Coureuren dobäi koum. Do war et dann natierlech wichteg sech gutt virzebereeden a vill ze drénken.
An och ronderëm de Parcours goufe vun der Course-Organisatioun Virkärungen getraff fir d’Coureure beschtméiglech ze ënnerstëtzen.
Zimmlech séier war et bei den Häre lass gaangen an den Tempo war trotz vill Bierg op an of um éischten Tour héisch. Dono hu souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären opgrond vum schwierege Profil ëmmer méi Coureure Schwieregkeete kritt an dat an alle Kategorien.
Gewanne konnt no insgesamt 111 gefuerenen Kilometer um Enn de Belsch Niels Vandeputte bei den Hären an déi aktuell Gravel Weltmeeschterin Lorena Wiebes bei den Dammen. Dat op enger Arrivée déi een am Géigesatz zur Editioun zejoert geréckelt hat, dat fir eng besser Atmosphär opkommen ze loossen.
Beschten Lëtzebuerger gouf de Loïc Bettendorff, deen op der Arrivée als 28. klasséiert gouf. Fir heen war et eng éischter komplizéiert Course mat schwieregem Parcours.
Beim Tim Diederich war et no enger gewëssener Skepsis virun der Course, virun allem wat de Parcours ubelaangt, awer bis op eng Chute am leschten Tour gutt gelaf.
Ee grousse Rendez-Vous am Gravel ass dëst Joer sécher op en neits d’Weltmeeschterschaft am Oktober. Déi gëtt dëst Joer an Australie gefuer an och dat ass een Zil fir d’Lëtzebuerger Coureuren.
Als nächst um Programm steet am Vëlosport dann den nationale Championnat den nächste Weekend, wou sécherlech och e puer vun de Coureuren haut op en neits mat um Depart wäerte sinn.