
Am Kader vun der CEV European League 2026 krut Lëtzebuerg et e Sonndeg am Gymnase vun der Coque et mat Griichenland ze dinn. No der däitlecher 0:3-Néierlag e Freideg géint Éisträich wollten d'Spiller ronderëm de Kapitän Gilles Braas sech virun eegenem Public besser aus der Affaire zéien. An dat sollt de Lëtzebuerger trotz der Néierlag géint Griichenland dann och geléngen.
An engem serréierten 1. Saz, bei deem et hin an hier gaangen ass, hunn d'Rout Léiwe laang matgehalen, éier een sech um Enn awer mat 22:25 huet misse geschloe ginn. Een änlecht Bild huet sech am zweete Saz gewisen. 20:20-Gläich stoung et, éier Griichenland sech mat 22:20 liicht ofsetze konnt an och de zweete Saz mat 25:22 fir sech entscheede konnt.
Am drëtte Saz hunn d'Rout Léiwe gutt ugefaangen, a hu probéiert weider um Drécker ze bleiwen. Griicheland louch tëschenduerch awer mat 4 Punkte vir. Um Enn sollt et nach emol ganz spannend ginn, konnt Lëtzebuerg op 23:23 ausgläichen. D'Spectateuren an der Coque hunn zu dësem Zäitpunkt en héichspannenden an dramatesche Match gesinn. Et ass hin an hier gaangen. Mat 33:31 ka sech Griichenland um Enn am drëtte Saz behaapten a gewënnt de Match mat 3:0 (25:22, 25:22, 33:31).
Eng onglécklech Néierlag deemno fir Braas a Co. no enger kämpferescher Top Leeschtung.