
E Freideg waren am Tennis-Fed-Cup déi lescht Matcher an der Gruppephas an domadder sinn och déi lescht Decisioune gefall.
Am Grupp A huet Serbien mat 2:1 géint Schweden gewonnen a sech domadder déi 1. Plaz geséchert. Op 2 an 3 stinn um Enn Schweden a Lëtzebuerg. D'FLT-Dammen haten déi lescht Deeg mat jeeweils 1:2 géint Schweden a Serbien verluer.
RTL-News: D'FLT-Dammen zéien no gudder Leeschtung mat 1:2 de Kierzeren géint Schweden RTL-News: Lëtzebuerg verléiert 1:2 géint SerbienAm Grupp B huet Polen d'Tierkei mat 3:0 geklappt a sech déi 1. Plaz geséchert. Déi 2. ass fir Slowenien an déi 3. ass fir d'Tierkei.
Um Samschdeg ginn am nationalen Tenniszenter zu Esch vun 10 Auer un d'Partien ëm den Opstig gespillt. Serbien kritt et mat Slowenien ze dinn a Polen mat Schweden. Eréischt no 14 Auersinn dann och d'Eléonora Molinaro a Co. gefuerdert an dat géint d'Tierkei. Si spillen ëm de Maintien. Fir d'FLT-Damme geet et also drëm, ob si am Europa/Afrika Grupp 1 bleiwen oder an den Europa/Afrika Grupp 2 Falen.