BeachvolleyballLëtzebuerg mat dräi Ekippen um MEVZA Turnéier zu Bibijne a Kroatien vertrueden

Marc Burelbach
Déi Lëtzebuergesch Volleyball-Delegatioun war mat dräi Ekippen um MEVZA-Turnéier zu Bibijne a Kroatien vertrueden.
© MEVZA

Déi dräi Lëtzebuerger Ekippe waren Hilbert/Weber, Klerf/Delcourt a Pernossi/Wolff. Pernossi/Wolff hunn an der Qualifikatioun eng ganz villverspriechend Leeschtung gewisen. Bei vill Wand hu si hiren éischte Match no engem Tie-Break fir sech entscheet. Och wann si hir zweet Partie an der Qualifikatioun verluer hunn, huet d’Koppel eng zolidd Leeschtung ofgeliwwert an hiert Potenzial confirméiert.

Bei den Dammen hate Klerf/Delcourt e schwéieren éischte Match géint d’Nummer 1 am Tableau. Hiren zweete Match géint Maor/Rosner (ISR) war vill besser, mat e puer positive Momenter an enger staarker Reaktioun vun der lëtzebuergescher Koppel. Leider hunn si de Match am Tie-Break verluer (15-21, 21-18, 8-15). Domat war den Tournoi fir si fäerdeg. Hir Prestatioun huet kloer Fortschrëtter gewisen a wäertvoll Erfarunge bruecht.

Den Highlight vum Turnéier koum vun der Koppel Hilbert/Weber. D'Lëtzebuergesch Koppel war feelerfräi an der Poolphas a konnt sech zweemol kloer mat 2-0 duerchsetzen, ënnert anerem mat enger wichteger Victoire géint déi éisträichesch Ekipp Klemenz/Holtzinger, déi si schonn am Match ëm déi drëtt Plaz um MEVZA-Turnéier zu Benešov (CZE) geklappt haten.

© MEVZA

An der Véierelsfinall hunn sech Hilbert/Weber an engem intensiven a spannendem Duell géint Mugerli/Jevsnik (CZE) duerchgesat an de Match am Tie-Break gewonnen (21-17, 11-21, 17-15). Dëse Succès huet hinnen hir drëtt MEVZA-Halleffinall hannertenee abruecht an hir Konstanz an der MEVZA Tour confirméiert.

An der Halleffinall hunn si géint Sooner/Teuschnig gespillt, déi am ganzen Tournoi bis dohin nach kee Set verluer haten. Hilbert/Weber hunn eng exzellent Leeschtung gewisen an sech mat 2-0 duerchgesat, no engem ganz enken éischte Set (22-20).

An der Finall sinn si nees op Klemenz/Holtzinger getraff. Dës Kéier hu Middegkeet an de ville Wand hinnen et net erlaabt, hiert Spill duerchzezéien. Béid Sätz gounge kloer un d' Éisträicher (14-21, 15-21). Hir exzellent zweet Plaz ass awer en aussergewéinlecht Resultat fir de Lëtzebuergesche Beachvolleyball.

Den nächsten Tournoi vun der MEVZA Tour gett vum 30. Juli bis den 2. August zu Lëtzebuerg op de Baggerweieren zu Remerschen gespillt.

Back to Top
CIM LOGO