NBALakers verléieren emotionale Match géint Trail Blazers

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Nuecht hunn d'Lakers hiren éischte Match gespillt, nodeem hir Ikon Kobe Bryant ëm d'Liewe koum.
© AFP

De Sport war zweetrangeg. E Freideg hunn d'LA Lakers hiren éischte Match nom Dout vum fréieren Topstar Kobe Bryant gespillt. Et war e Match dee, ganz emotional war. Nach virum Upëff huet den LeBron James d'Nimm vun den Affer virgelies. De Bryant, deen 20 Joer laang just am Lakers-Trikot gespillt huet, war e Sonndeg zesummen mat 8 anere Leit an engem Helikopteraccident ëm d'Liewe komm. D'Supporter vum Veräin hu mat enger Gedenkminutt un de Bryant an déi aner Affer, dorënner dem Basketspiller seng Duechter geduecht.

Donieft gouf et virum Match en Optrëtt vum US-Superstar Usher, deen zu éiere vun den Affer "Amazing Grace" gesongen huet.

Sportlech gesinn ass et dann och net ideal fir d'Lakers gelaf. Nodeem si an der Paus nach en Avantage vun 2 Punkten haten, dat beim Stand vun 62:60, hu sech d'Portland Trail Blazers zum Schluss awer mat 127 op 119 duerchgesat. Et war déi 11. Néierlag am 47 Match fir d'Ekipp aus Los Angeles.

Back to Top
CIM LOGO