EnquêteKeng Motorproblemer bei Helikopteraccident vu Kobe Bryant

RTL Lëtzebuerg
Wéi amerikanesch Autoritéite mellen, ginn et keng Indicen, dass den Helikopter-Accident an Zesummenhang steet mat Motorproblemer un der Maschinn.

Beim Accident ware jo 9 Persounen ëm d'Liewe komm, dorënner den amerikanesche Basketstar Kobe Bryant a seng 13 Joer jonk Duechter Gianna.

An virleefege Rapport vun den Autoritéite fir Verkéierssécherheet gouf festgehalen, dass een all déi wesentlech Bestanddeeler vum Helikopter erëmfonnt hätt, an et géif näischt drop hindeiten, dass en Defekt um Motor den Ausléiser vum Accident kéint sinn.

Et schléisst ee weiderhin net aus, dass schwiereg Wiederbedingungen kéinte Schold sinn. Et houng staarke Niwwel an der Géigend nordwestlech vu Los Angeles, wéi den Helikopter do ënnerwee war.

Den definitive Rapport iwwert d'Ursaache vum Accident gëtt eréischt fréistens an engem Joer erwaart.

Back to Top
CIM LOGO