Internationale FuttballHamburg a Leipzig an der Halleffinall vum DFB-Pokal

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich ka sech Rennes mat 3:2 zu Lyon fir d'Finall qualifizéieren.

Wien de Géigner do vun Rennes ass, dat entscheet sech e Mëttwoch den Owend um 21 Auer an der Partie PSG géint Nantes.

An der Partie Lyon géint Rennes louch Rennes 1:0 an 2:1 vir, ma Lyon ass allkéiers nees erukomm, bis de Rami Bensebaini an der 81 den 3:2 geschoss huet a Rennes domat fir d'Finall qualifizéiere konnt.

An der Ligue 1 steet lyon op der drëtter Plaz, Stade Rennais just op der 9.

D'Finall vun der Coupe de France ass de 27. Abrëll zu Paräis.

Am däitschen DFB-Pokal goufen en Dënschdeg den Owend déi zwou éischt Véierelsfinalle gespillt.

Den HSV konnt sech do, duerch zwee Goaler vum Lasogga an der 54. an an der 60.  Minutt, mat 2:0 zu Paderborn duerchsetzen. Domat steet den Zweetligist elo an der Halleffinall, fir d'éischt nees zanter genee 10 Joer.

Am zweete Match vum Owend huet Augsburg mat 1:2 géint RB Leipzig verluer. Den Timo Werner hat leipzig an der 74. Minutt 1:0 a Féierung geschoss, ma an der 4. Minutt vun der Nospillzäit konnt den Alfreo Finnbogason fir Augsburg ausgläichen - also Verlängerung. An do ass d'Entscheedung an de leschte Sekonne gefall, well an der 120. Minutt krut Leipzig en Eelefmeter, deen de Marcel Halstenberg verwandelt huet. Domat steet Leipzig an der Halleffinall.

E Mëttwoch den Owend sinn et dann déi zwou lescht Véierelsfinallen: FC Bayern München - Heidenheim um 18.30 Auer a Schalke-Bremen um 20.45 Auer.

D'Halleffinalle ginn den 23. a 24. Abrëll gespillt, d'Finall dann de 25. Mee am Berliner Olympia-Stadion.

An der portugisescher Coupe spillen Braga a Porto am Retourmatch vun den Halleffinallen 1-1 gläich. Porto huet sech domat fir d'Final qualifizéiert. Um Mëttwoch kritt de Sporting et nach mat Benfica ze dinn.
An Italien spillen den AC Mailand an Udinese en Dënschdeg 1-1 gläich. Cagliari ass dem Tabelleleader Juventus mat 0-2 ënnerleeën.

Am englesche Championnat gewënnt Watford 4-1 géint Fulham, Wolverhampton setzt sech mat 2-1 géint Manchester United duerch.

Gespillt gouf och a Spuenien. Den Tabelleleader Barcelona a Villareal, déi an der Tabell op déi véiertlescht Plaz kommen, spille 4-4 gläich. Den Atlético setzt sech 2-0 géint Girona duerch.

Back to Top
CIM LOGO