
De Roger Federer an d'Belinda Bencic hunn hiren Titel beim Hopman Cup, der inoffizieller Mixed-WM, erfollegräich verdeedegt. Bei der Neioplo vun der Finall vun zejoert gouf et dëst Joer eng 2:1-Victoire géint Däitschland, déi duerch den Alexander Zverev an d'Angelique Kerber vertruede waren.
Den éischten Eenzel an der Finall konnt de Roger Federer mat 6:4 a 6:2 géint den Alexander Zverev fir sech decidéieren. Duerno konnt d'Angelique Kerber op 1:1 fir Däitschland ausgläichen. D'Wimbledon-Gewënnerin huet hiren Eenzel nämlech mat 6:4 a 7:6 (8:6) knapp géint d'Belinda Bencic gewonnen. D'Decisioun huet doduerch missen am Mixed falen. An do huet den Duo Federer/Bencic mat 4:0, 1:4 a 4:3 (5:4) géint d'Koppel Zverev/Kerber d'Iwwerhand behalen. Domadder huet d'Schwäiz sech an der Finall mat 2:1 géint Däitschland behaapt an den Hopman Cup fir d'véierte Kéier gewonnen. De Roger Federer ass deen éischte Spiller, deen dësen Tournoi fir d'drëtte Kéier gewanne konnt. De Federer hat virun 18 Joer mam Martina Hingis den Hopman Cup eng éischte Kéier gewonnen.
Däitschland huet no 1993 an 1995 déi drëtte Victoire verpasst.
Zanter 1989 gëtt den Hopman Cup organiséiert. D'nächst Joer soll den Tournoi duerch den ATP Nations Cup ersat ginn.