Lëtzebuerger SchwammfederatiounEt wier komplizéiert, genuch Schwämme fir jiddereen ze hunn, sou d'FLNS

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war de Kongress vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun. Et gouf iwwert de sportlechen a finanzielle Bilan a verschidde Problemer geschwat.
© RTL Archiv

Dorënner de Manktem un Disponibilitéite vun de Schwämmen. Et ass relativ einfach: Fir ze schwammen, brauch ee Waasser. Fir dat kënnen an enger Schwämm ze maachen, muss dës accessibel sinn.

Kongress vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun

Um Kongress vun der FLNS huet de President vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun, Marco Stacchiotti, kloer gemaach, datt et den Ament komplizéiert ass, fir genuch Schwämme fir jiddereen ze hunn. Hien huet och ee klore Message un déi politesch Responsabel adresséiert.

Marco Stacchiotti:"Mir hunn den Ament 3.000 Lizenzéierter, wat der immens vill sinn, an do musse mir ee Kader schafen, datt mir et an de Grëff kréien, datt jiddereen och ka schwammen goen."Een zweete Punkt, deen um Kongress net ze kuerz koum, ass dee, wéi een d'Schwamme qualitativ nach besser un déi Jonk kritt.

Marco Stacchiotti:"Mir maache jo schonns Formatioun fir eis Clibb, mä wéi maache mir et an de Schoulen? Wéi kann een d'Schwamme schonn un déi ganz Kleng kréien!? Zum Beispill a Maison Relaisen, déi ginn och schwammen. Vläicht kënne mir do hëllefen a mat der Formatioun "Teach the teacher" eng Hand upaken."

Laut Statistike ginn et an Europa iwwregens pro Joer 27.000 Doudesfäll bei Kanner, déi erdrénken.

Back to Top
CIM LOGO