INGËmstrukturéierung vun der Bank huet keen Impakt op Sponsoring vum Nuets-Marathon
RTL Lëtzebuerg
Et géing een d'Engagementer vis-à-vis vun der Stad Lëtzebuerg an dem Organisateur "Step by Step" anhalen, heescht et vun der Bank op Nofro hin.
Update: 04.12.2025 09:52
Dëst Evenement géing sech u jiddereen adresséieren an net just un d'Masse-Cliente vun der Bank, sou d'ING. Zënter 17 Editiounen ass d'ING den Haaptpartner beim Stater Nuetsmarathon.