Basketball-ChampionnatKnapp Victoire fir Diddelenger Häre géint de Kordall

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war den Optakt vum 7. Spilldag an der ieweschter Divisioun vum Basketball-Championnat. Bei den Hären an Damme war ee Match.
© Emile Mentz (Archiv)

Bei den Häre setzt sech den T71 Diddeleng mat 86:84 géint d'Kordall Steelers duerch. D'Gäscht haten de bessere Start a louchen nom éischte Véierel a Féierung, Diddeleng huet am zweete Véierel reagéiert an zur Paus stoung et 40:40 gläich. Den T71 huet sech nom Säitewiessel e Virsprong erausgespillt, d'Steelers hunn allerdéngs net opginn an d'Entscheedung sollt an der Schlussphas falen. D'Gäscht konnten eng lescht Aktioun net notzen, fir sech an d'Verlängerung ze retten. Sechs Spiller vun der Lokalekipp hunn zweestelleg gescort, den Jimmie Lee Taylor koum op 22 Punkten.

________________________________________________

Dammen

Damme vum T71 bleiwen ongeschloen

Bei den Dammen dominéiert de Champion T71 Diddeleng d'Liga op beandrockend Aart a Weis. No engem kloren 92:49 Succès géint d'Amicale Steesel huet d'Ekipp vum Trainer Tom Schumacher eng makellos Bilanz vu 7 Victoiren a genee sou ville Matcher um Kont. 9 Spillerinnen vun der Lokalekipp hu Punkten markéiert, d'Catherine Mreches koum op 23 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO