European Aquatics Youth Artistic Swimming Championships 2026D'Junior-EM am Konschtschwammen an der Coque huet vill Leit ugezunn

Bern Thill
Déi bescht europäesch Juniorinnen an der Alterskategorie 13 bis 15 Joer trieden hei géinteneen un.
Junior-EM am Konschtschwammen an der Coque huet vill Leit ugezunn.
Déi bescht europäesch Juniorinnen an der Alterskategorie 13 bis 15 Joer trieden hei géinteneen un.

E Bléck an d'Tribünen ass duergaangen, fir sech z'iwwerzeegen, dass d'Schwammfederatioun eent vu sengen Objektiver schonn nom éischte vu véier Kompetitiounsdeeg erreecht hat.
Wann een sech d'Performancen ukuckt, déi an der Coque realiséiert goufen, dann hätt ee kéinten unhuelen, dass een et hei mat Proffien um héchsten Niveau ze dinn hätt. E Bléck an de Programm weist awer, dass hei déi bescht europäesch Juniorinnen am Asaz sinn, an dat an der Alterskategorie 13 bis 15 Joer.

Intensiven Training vun der Lëtzebuerger Jugend-Nationalekipp gouf et eréischt wéi bekannt gouf, dass d'Jugendeuropameeschterschaft bei eis organiséiert géif ginn. Aus 1 mol Training an der Woch, goufen et 4 Seancen, kombinéiert mat der Participatioun un internationale Kompetitiounen am Ausland.
Op enger Europameeschterschaft heescht et de Stress Meeschter ginn, trotz staarker Ënnerstëtzung vum Publikum.

Trotz deene grousse Fortschrëtter wärend de leschte Méint, konnt déi leschte Platz an der Teamkompetitioun net evitéiert ginn.

Jiddefalls e couragéierten Optrëtt vun den 8 Meedercher an e wichtege Schratt an d'Zukunft. Couragéiert ass och dëse franséische Sportler, deen als eenzege Jong un der Teamkompetitioun deelgeholl huet. Villäicht fannen elo och lëtzebuergesch Jongen Interesse um Artistesche Schwammen.

Suivéiert d'Competitiounen och um Sonndeg am Livestream op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO