
Wéinst de ville Fans am legendäre Bierg war den Team-Auto vun UAE un d'Stoe komm. Am Duercherneen hat den Einer Rubio net méi kënne bremsen an ass hannen op den Auto gerannt. Dobäi ass de Kolumbianer duerch d'Fënster gaangen an huet sech sou schwéier am Gesiicht blesséiert, dass den Tour fir hien eriwwer ass.
Ronn eng hallef Millioun Leit sollen d'Montée op d'Alpe vun Huez live op der Plaz suivéiert hunn. Den Tadej Pogacar huet dobäi dem Marco Pantani säi Rekord vun 1995 gebrach. De Slowen war mat 35 Minutten a 26 Sekonne méi wéi eng Minutt méi séier de Bierg erop gefuer wéi den Italieener. Et war dem Pogacar seng fënneft Etappevictoire bei dësem Tour a seng 26. insgesamt bei der Grande Boucle.