
Uewenaus op der bekannter Alpe d'Huez huet sech e Freideg de Mann a Giel Tadej Pogacar mat enger Avance vu 6 Sekonnen op de Lenny Martinez duerchgesat. Drëtte gouf de Richard Carapaz. Hie baut domadder seng Avance am General weider aus a läit virun den zwou leschten Etappe siwe Minutten an eelef Sekonne virum Remco Evenepoel, deen e Freideg de 6. ginn ass op zwou Minutten an 29 Sekonnen.
Den Alex Kirsch ass e Freideg als 70. op iwwer 25 Minutten ukomm. Am General ass hien den 123.
Vu Gap goung et iwwer 127,9 schwéier Kilometer duerch d'franséisch Alpen erop op d'Alpe d'Huez. Do wou de Frank Schleck sech virun 20 Joer duerchgesat hat, sollt et e Freideg zu enger weiderer spannender Etapp kommen. Fréi hate sech 42 Coureuren aus dem Stëbs gemaach a si krute vum Peloton, dee vun der Ekipp UAE Emirates XRG kontrolléiert gouf, eng Avance vu 4 Minutten an 20 Sekonnen. An der leschter Schwieregkeet vum Dag waren nëmmen nach 3 Coureuren un der Spëtzt. De Grupp ëm d'Favoritte koumen der Spëtzt lues a lues méi no. De Mann a Giel Tadej Pogacar wollt awer nach eng weider Etapp gewannen an hat sech vu sengen Konkurrenten ofgesat. Hie konnt op de leschte Kilometer bei d'Spëtzt opschléissen an um Enn d'Victoire feieren.