
Bei den Australian Open am Tennis kënnt et bei den Hären zu der Finall tëschent dem Novak Djokovic an dem Dominic Thiem. Den Éisträicher huet an der 2. Halleffinall dem Däitschen Alexander Zverev keng Chance gelooss.
Den Dominic Thiem huet den Alexander Zverev mat 3:6, 6:4, 7:6 a 7:6 eliminéiert. An der Finall trëfft den Éisträicher elo op d'Nummer 2 vun der Welt a Rekordchampion vun den Australian Open Novak Djokovic. De Serb, dee bis dato bei dësem Grand Slam nëmmen 1 Saz verluer huet (an der éischter Ronn géint de Jan-Lennard Struff), geet als Favorit an d'Finall a ka säin 8 Titel zu Down Under gewannen. D'Gesamtbilanz schwätzt och fir den Novak Djokovic, dee sech an 10 Matcher, 6 mol géint den Dominic Thiem duerchsetze konnt.
Fir den Dominic Thiem ass et déi éischt Finall bei den Australian Open an déi 3. Finall bei engem Grand-Slam-Tournoi.
Falls den Novak Djokovic Finall e Sonndeg géif gewannen, géif de Serb de Rafael Nadal nees als Nummer 1 an der Weltranglëscht ofléisen.
An der éischter Halleffinall bei den Damme konnt sech d'Amerikanerin Sofia Kenin mat 7:6 a 7:5 géint d'Ashleigh Barty aus Australien behaapten. Domat stoung d'Kenin als éischt Finalistin vun den Australian Open 2020 fest.
An der 2. Halleffinall koum et zum Duell tëscht dem Simona Halep an dem Garbine Muguruza. Déi op Nummer 4 gesaten Halep konnt hirer Roll hei net gerecht ginn. D'Spuenierin Muguruza konnt sech mat 7:6 a 7:5 behaapten.
D'Finall gëtt also tëscht dem Sofia Kenin an dem Garbine Muguruza gespillt.
