
Carolina huet an der Nuecht op e Méindeg mat 3:0 am 6. Duell géint d'Las Vegas Knights gewonnen, an domadder d'Finall-Serie 4:2 gewonnen. Et ass den zweete Championstitel an den Hurricanes hirer Veräinsgeschicht. Deen éischte konnte se 2006 gewannen, dat nodeems se sech géint d'Edmonton Oilers duerchsetze konnten.