D'Anne Simon huet an Amerika deen een oder aneren Titel gewonnen: America East Champion, Female, Freshman, Player an Defensive Player of the Year. Dat sinn Titelen, déi d'Performance vun der Lëtzebuergerin beschreiwen. Dës Performancë ware mat Responsabel, dass um Enn e Profikontrakt an Italien erausgesprongen ass.
Wéi Anne Simon zréck am Land war, hu mir d'Basketspillerin besicht, fir hir Aventure an den USA Revue passéieren ze loossen an hunn nogefrot, wisou de Sportlycée eng wichteg Roll bei deem Ganze gespillt huet.