WM am DammebasketD'Affichë fir d'Véierelsfinalle sti fest

Steven Milbert
No der Gruppephas stounge bei der Basketball-WM zu Berlin en Dënschdeg an e Mëttwoch d’Qualifikatiounsronne fir d’Véierelsfinallen um Programm.
© Marcin Golba / Nurphoto via AFP

Wärend déi Gruppenéischt sech schonns direkt no der Gruppephas fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert haten, hunn d'Ekippen op de Plazen zwee an dräi nach emol misse géinteneen untrieden, fir sech ee vun de leschten Tickete fir d'Ronn vun de leschten Aacht ze sécheren.

Ungarn huet sech dobäi kloer mat 84:63 géint Japan duerchgesat a steet domadder an der Véierelsfinall. Eng grouss Iwwerraschung war dat net, well d'Ungarinnen iwwer wäit Strecken, déi méi stabil Ekipp waren an hir Favoritteroll souverän erfëllt hunn. An der nächster Ronn waart elo mam Duell géint d'USA allerdéngs eng enorm schwéier Aufgab op si.

Och Däitschland huet sech keng Bléis ginn. D'DBB-Dammen hu Südkorea däitlech mat 94:56 geklappt an domadder ouni gréisser Problemer de Sprong an d'Véierelsfinalle gepackt. Fir d'Lokalekipp geet et elo géint d'Belsch weider, déi als Gruppenéischte scho fir d'Ronn vun de leschten Aacht qualifizéiert war.

China huet sech an engem richteg enke Match mat 75:72 géint Puerto Rico duerchgesat an domadder de Sprong an d'Véierelsfinalle gepackt. D'Chinesinne konnte virun allem duerch d’Xu Han, déi 21 Punkte markéiert huet, iwwerzeegen, wärend op der anerer Säit d'Trinity San Antonio mat 24 Punkten Puerto Rico laang am Match gehalen huet. Eng grouss Iwwerraschung war d'Victoire vu China net, mä de Match war bis zum Schluss komplett oppen. Puerto Rico huet sech staark gewiert an huet dem Favorit alles ofverlaangt, mä um Enn hunn déi chineesesch Dammen déi entscheedend Momenter besser ausgespillt.

Am leschte Match vun der Qualifikatiounsronn goung et tëscht Australien an Italien ëm dee leschten Ticket fir d'Véierelsfinalle. Australien war um Pabeier liicht favoriséiert, hat an der Gruppephas awer géint d'Belsch verluer an huet dofir missen iwwer dës Zousazronn goen. Italien koum sengersäits als Drëtten aus dem Grupp D a wollt no sengem Retour op déi grouss Weltmeeschterschaftsbün fir eng Iwwerraschung suergen. Australien huet sech um Enn knapps mat 82:80 duerchgesat a steet domadder an der Véierelsfinall. Do waart elo Spuenien.

All d'Véierelsfinallen am Iwwerbléck:

  • USA – Ungarn
  • Belsch – Däitschland
  • Frankräich – China
  • Spuenien – Australien
Back to Top
CIM LOGO