An der zweeter vu véier Serien ass de Charel Grethen de 4. ginn.
Fir déi 1500 Meter, huet hien 3 Minutten, 44 Sekonnen a 87 Honnertstel gebraucht. Domadder ass hie ronn 6 Sekonnen iwwer sengem Lëtzebuerger Indoor-Rekord bliwwen.
Bei der Finall am Bommstoussen ass de Bob Bertemes e Samschdeg den Owend den 13. ginn. Mat engem gëltege Versuch vun 20.10 Meter ass et fir de Lëtzebuerger net duergaangen, fir sech fir déi dräi weider Versich ze qualifizéieren. Hien ass domadder och kloer ënnert sengem Lëtzebuerger Indoor-Rekord vun 21,03 Meter bliwwen.