Traditionell ass Enn Januar ëmmer d'Kader-Revisioun vum COSL. Dat war en Donneschdeg nees de Fall.
Beim Elite-Kader ass d'Zuel vu Sportler vu 37 op 51 eropgaangen. Dobäi komme mat den Tennis-Dammen, den Dëschtennis-Dammen an -Hären nach dräi Nationalekippen dobäi, déi speziell vum COSL ënnerstëtzt ginn.
Am Elite-Kader ass d'Hären-Nationalekipp am Tennis net méi mat dran an och nach de Schéisser Marc Miny, de Reider Marcel Ewen an de Coureur Ben Gastauer kënnen net méi vum Statut vum Elite-Sportler profitéieren.
43 Athlete sinn am Promotiouns-Kader. Dat ass ee Plus vun 1 Athlet géigeniwwer vun zejoert. An deem Kader goufen 8 Leit net méi zeréckbehalen, respektiv hunn hire Sport op héchstem Niveau un den Nol gehaangen. Wéi zum Beispill déi zwee Coureure Pit Leyder an Anne Sophie Harsch.
Op der Pressekonferenz en Donneschdeg de Moien huet den Directeur Technique vum COSL, Heinz Thews, de groussen Ënnerscheed erkläert, tëscht den Hëllefen am Elite Kader an dem Promotiouns-Kader: Et gëtt ee finanziellen Ënnerscheed, deen ass awer net ganz dramatesch grouss. Hien ass awer am Erwuessenenalter wéinst dem gréisseren Opwand béi de Kompetitiounen an Trainingslageren asw. méi héich. De gréissten Ënnerscheed ass awer dee, wann een an de Genoss vun enger „Olympiaförderung“ kënnt, da kënnt dee gréissten Zoufloss.
Den Nicolas Wagner war schonns dat leschte Joer am Elite-Kader an dëst Joer ass hien ee vun deene Lëtzebuerger Sportler, déi sech bis elo fir d'Olympesch Summerspiller zu Tokyo qualifizéiert hunn. Dat ass eng Première fir hien awer och fir de Lëtzebuerger Sport.
Den Heinz Thews: Mir sinn immens frou, dass mir ee Reider an ee Päerd dobäi hunn. Et ass historesch an déi éischte Kéier. Et ass eppes ganz Spezielles an eis ganz Ekipp freet sech. Et ass jo praktesch ëmmer déi selwecht Ekipp, déi sech bei Olympia trefft, mat identesche Sportaarten. Dës Kéier dann eppes ganz Neies. Ech mengen, dass fir deen een oder aneren Topp-Sportler d'Saison net esou super verlaf ass am vir-olympesche Joer. Dat huele mir dann als Generalprouf fir Olympia. Ech un awer keng ganz grouss Enttäuschungen dëst Joer (2019) erlieft.
D'Olympesch Spiller waren op der Kader-Revisioun een Thema. Bis elo hu 4 Sportler (Raphaël Stacchiotti, Bob Bertemes, Ni Xia Lian an Nicolas Wagner) hiren Ticket an der Täsch. Donieft kommen nach am Cyclissem zwee Hären an eng Damm dobäi. Beim COSL geet een awer dovunner aus, dass déi Zuel nach wäert an d'Luucht goen.